Mayovskyy Andrew/shutterstock

Grujeleg Gestalten an Szenen wéi des maachen eis Angscht

Ëm Halloween gi mer rëm vu béise Geeschter, Hexen a Massemäerder heemgesicht. Zum Beispill op der Tëlee. Firwat kucke mer déi Horrorfilmer obwuel mer fäerten?

D’Fuerscher si ganz laang dovun aus gaang, dass mer déi Angscht géifen toleréieren, well mer wëssen dass mer duerno houfreg an euphoresch erliichtert sinn, dass mer duerchgehalen hunn. Déi positiv Gefiller zum Schluss wieren esou staark, dass mer déi negativ Gefiller vun Angscht einfach verdrängen. Et wier also déi positiv Erënnerung un den Houfert an un d’Erliichterung déi eis dozou géif verleede fir ëmmer erëm Horrorfilmer ze kucken.

Du kléngs awer selwer net ganz iwwerzeegt vun däer Theorie…

Ma jo. Méi aktuell Studie weisen nämlech drop hin, dass de Mënsch seng Gefiller guer net esou trenne kann an als nëmme positiv oder nëmmen negativ ëmpfanne kann. Laut dëser Theorie wiere mer frou fir Angscht ze hunn, a mir géifen dat genéissen, obwuel mer am léifste géifen d’An zoumaachen oder fortlafen.

Dat mécht dach guer kee Sënn!

D’Fuerscher schwätzen hei och just vu fiktivem Horror, mat deem mer konfrontéiert ginn ouni selwer a Gefor ze sinn. An dat wësse mer jo. Dofir reagéiere mer natierlech anescht op fiktiven Horror wéi op reellen Horror.

Ech fannen zwar net dass ech dat genéisse wann ech mech grujelen...

Dat kann een och guer net verallgemengeren! Hei treffen nämlech Neurowëssenschaften op Psychologie. De Stimulus – an eisem Fall de fiktiven Horror – ass zwar bei jidderengem dee selwechten. Mee wéi eise Kierper an eist Gehir de Stimulus veraarbechten an ënnert wéi enger Form d’Gefiller schlussendlech un d’Uewerfläch geroden, dat hänkt vu jidderengem of.

Et ass also wéi esou dacks: et kann een net alles an een Dëppe geheien!

Infos zur Fuerschung zu Lëtzebuerg an der Infobox.

Auteur: Corinne Kroemmer
Editeur: Prof. Fernand Anton (University of Luxembourg)
Foto © Mayovskyy Andrew/shutterstock

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Och am Alldag beaflosse souwuel positiv wéi negativ Gefiller eist Behuelen, eist Handelen an d’Decisiounen déi mer huelen. Verschidde Gefiller (mee nach laang net all) kenne mer kontrolléiere oder ignoréiere wa mer se an enger bestëmmter Situatioun net relevant fannen. Wéi mer verschidde Gefiller kontrolléieren spillt natierlech eng grouss Roll wa mer Decisiounen huelen.

D’Equipe ERDM („Emotion Regulation and Decision-Making: Self-Regulation in Practice“) vun der Uni Lëtzebuerg setzt sech ënnert der Leedung vum Prof. Dr. Claus Vögele mat deem Thema auserneen: Wéi mer verschidde Gefiller kontrolléieren an dem Impakt vun dëser Kontroll op eis Decisiounen. Si konzentréieren sech bei hirer Studie haaptsächlech op de Finanz-Secteur zu Lëtzebuerg, well den Impakt vum Stress - also engem negative Gefill - do eng ganz grouss Roll spillt an dacks och en Impakt op Decisiounen huet déi eis Gesondheet ubelaangen.

Auch interessant

Gediechtnes Firwat falen eis heiansdo Wierder einfach net an?

"D‘Wuert läit mir op der Zong“ – Jidderee kennt dat frustréierend Gefill en Wuert ze wëssen an et awer net ze faassen ze...

FNR
Videospiller Maache Ballerspiller aggressiv?

Politiker behaapten et, an de Medie liest een et och ëmmer nees: Videospiller mat Gewalt maachen aggressiv. Stëmmt dat w...

FNR
Oh Jëssess /Buuuhhh! Firwat si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer?

Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Mu...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR