© Silver Spoon

Silica-Gel: wat ass dat?

Gëschter hunn ech mir richteg flott Schong kaf! A wéi ëmmer loung sou eng mysteriéis kleng Tiitchen an der Schongkëscht: Silica Gel steet drop - wat ass dat?

Silica Gel ass eng Substanz, déi d’Fiichtegkeet aus der Loft suckelt an un hirer Uewerfläch festhält. Se gëtt a Form vu klenge Bullen an enger Tiitche mat an d’Schongkëscht geluecht, fir d’Schong dréchen ze halen, sou dass se net vermuuschten oder – am Fall vu Lieder – baschten, während se am Lager leien.

Déi Tiitchen ass dach awer zimlech kleng - souvill Fiichtegkeet kënnen déi puer Bullen déi do dra passe bestëmmt net späicheren…

Ah dach, well Silica Gel ass immens porös, also voller klenger Lächer. Dat bedeit, dass d’Uewerfläch vun all Bull net nëmmen déi baussent Fläch ass, mee dass se sech och bannen an der Bull weider zitt. 1 Gramm Silica Gel huet deemno eng Uewerfläch vu gutt 600 m2 a ka bis ëm déi 40 % vu sengem Eegegewiicht a Waasser ophuelen!

Wow, kleng Tiitchen, grouss Wierkung! Awer gëfteg, oder? Bei der Warnung “Do Not Eat – Throw Away” déi op der Tut steet, gëtt mir ëmmer weech…

Oh mei, nee: Silica Gel ass ongëfteg. D’Warnung, dass de et net iesse solls steet just drop, well de Gel och bei verschidde Liewensmëttel mat an d’Verpackung geluecht gëtt. A wech geheie musst de en och net: Vill Leit halen d’Titercher fir hire Fotoapparat viru Fiichtegkeet ze schützen, oder fir Photoen a Pabeieren dréchen ze lageren. An an däi Fitness-Kuerf do am Eck kéints de och puer Titercher leeën, da géif deen net sou mëffelen…

Ze spéit… mee beim nächste Puer Schong weess ech Bescheed!

 

Zousaatzinfo: Wat kann ee soss nach mat dem Silica Gel man?

− Verhënneren, dass engem d’Lënse vum Fotoapparat oder der Spektiv ulafen, wann ee se am Wanter auspéckt, andeems een eng Tiitche Silica Gel mat an d’Sacoche oder an d’Housse leet.
− D’Sëlwerbesteck méi laang glänzend halen, andeems een et mat Silica Gel zesummen an enger loftdichter Tut lagert.
− D’Gewürzer oder d’Salz am Glas dréchen halen andeems een eng Tiitche Silica Gel bannen um Deckel festpecht.
− Seng Photoen, Pabeieren a soss Archive viru Fiichtegkeet schützen andeems een e Pak Silica Gel mat an d’Këscht leet.
− Mat engem manner sténkege Fitness-Kuerf heemkommen, doduerch dass ee Silica Gel mat dra péckt.
− Mat e bësse Chance souguer den Handy retten, deen an d’Waasser gefall ass: Batterie a SIM-Card raushuelen, alles gutt ofdréchnen, da mat puer Titercher Silica Gel an eng loftdicht Tut paken. Iwwer Nuecht dra loossen.
− …

Wichteg ass, dass de Silica Gel an engem zouenen Ëmfeld, also enger Tut, enger Këscht oder ähnlechem läit, well wann ëmmer nei fiicht Loft nokomme kann, huet och de Silica Gel schnell seng Kapazitéit erreecht a ka keng Fiichtegkeet méi ophuelen. Silica Gel kann een awer regeneréieren, andeems een en dréchent, z.B.  am Schäffche bei 100-150 °C.

Auteur: Liza Glesener
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo: © Silver Spoon

Infobox

Wëssenschaft zu Lëtzebuerg

Silica Gel ass eng vu ville Forme vum Siliziumdioxid (SiO2), engem Stoff, deen an der Natur natierlech virkënnt (z.B. am Sand), deen awer och a ganz ville Variatioune synthetesch hiergestallt gëtt. Siliziumdioxid ass den Haaptbestanddeel vum Glas; et fënnt een en awer och a Faarwen an a Lacker, a villen Zorte Pech, als Pigment am Pabeier fir verschidden Druckeren, an der Kosmetik, am Liewensmëttelsecteur a sou weider.

E ganz wichtege Stoff also, och fir Betriber wéi d’Goodyear, déi vill an Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger  Fuerschungsinstituter schafft.  D’Firma huet 2015 no iwwer zéng Joer interdisziplinärer Fuerschung en neie Pneu erausbruecht, dee manner Energie an der Produktioun brauch, mat deem ee manner Benzin verfiert an deen trotzdem e gudde Grip huet. De Stoff deen dëst alles méiglech mécht? Natierlech Siliziumdioxid…