Forster Forest (Shutterstock)

Fraen liewen am Duerchschnëtt 4 Joer méi laang wéi Männer

Ech hunn héieren, wéi wann d’Fraen am Duerchschnëtt méi al géife gi wéi d’Männer! Stëmmt dat? An u wat kéint dat leien?

Dat as wierklech esou – an zwar net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee op der ganzer Welt. De Liewensstil a Wuelstand spillen natierlech eng grouss Roll, mee et ginn awer och ugebueren Eegenschaften, déi e groussen Afloss op d’Liewenserwaardung hunn.

Et läit also net nëmmen drun dass Männer méi risikofreedeg sinn a vläit méi ongesond liewen?

Dach, dat spillt och mat. Mee et ginn och Fraen déi esou liewen, och wann et der vläit manner sinn. Dat eleng erklärt d’Rätsel vun der Liewenserwaardung also net! D’Fuerscher hunn awer erausfonnt, dass Frae manner ufälleg fir Häerzkreeslafkrankheete sinn, net well se méi gesond liewen, mee well hiert Häerz vun Natur aus méi robust ass an duerch Hormoner wéi Östrogen geschützt gëtt!

Wisou mécht d’Natur dann en Ënnerscheed tëscht Männer a Fraen?

Ganz kloer ass dat nach net, mee si mengen dass et eppes mam Nowuess ze dinn huet! Bei bal allen Déieren, wou d’Mammen sech no der Gebuert mussen em déi Kléng këmmeren, hunn d’Weibercher méi eng grouss Liewenserwaardung. Sou dass ugeholl gëtt, dass et eng Methode vun der Natur ass, fir d’Iwwerliewen an d’Gesondheet vum Nowuess ze garantéieren!

Dat heescht awer net dass d’Männer sech kënnen duerch d’Bascht maachen! Weider Informatiounen doriwwer fannt der wéi ëmmer an der Infobox!

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto © Forster Forest (Shutterstock)

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

   
Säit de 50er Jore geet d’Liewenserwaardung séier an d’Luucht

An de 50er Joren haten d’Fraen an de meeschten europäesche Länner eng Liewenserwaardung vu knapp iwwer 70 Joer, an d’Männer vun Ënn 60. Haut ass d’Liewenserwaardung am Duerchschnëtt 10 Joer méi héich, mat Ufank 80 fir d’Fraen an Ënn 70 fir d‘Männer.

Wuelstand a Räichtum hunn zu enger besserer Liewensqualitéit gefouert, besserer Ernährung, méi Bildung, méi e gesond Liewen an engem grousse Fortschrëtt an der Medezin.  Während bei eis, an de räiche Länner, d’Liewenserwaardung séier an d’Luucht gaang ass, huet se sech an aner Länner nëmmen e bëssen oder guer net verännert. Den Ënnerscheed tëscht räichen an aarme Länner gëtt also ëmmer méi grouss, wat eng ganz Rei vu politeschen, wirtschaftlechen a soziale Problemer mat sech bréngt!

Den Ënnerscheed tëscht Fraen a Männer gëtt ëmmer méi kleng

An den 80er Joren hunn d’Frae bei eis am Duerchschnëtt 6 Joer méi laang gelieft wéi d’Männer. Haut, also 30 Joer méi spéit, sinn et just nach 4 Joer.

D’Erklärung dass Männer méi schwéier schaffe wéi Frae gëtt zwar haut als Witz gesot, mee virun e puer Jorzéngte war dat guer net esou falsch. De Männer hier Liewenserwaardung war méi kleng, well si tatsächlech méi schwéier kierperlech Aarbechte gemaach hunn, an Aarbechte mat engem grousse Gesondheetsrisiko wéi zum Beispill a Minne schaffen. An der Tëschenzäit gëtt d’Aarbecht duerch Maschinne vereinfacht a vill schwéier, geféierlech Kierperaarbechte loosse mer a méi aarme Länner fir eis maachen. Doduerch geet de Männer hier Liewenserwaardung am Duerchschnëtt an Europa an d’Luucht!

De Fraen hier Liewenserwaardung geet natierlech och an d’Luucht, mee net esou séier wéi de Männer hier! D’Rolle vu finanzieller Verantwortung, der Erzéiung vu de Kanner an eventuell der Ënnerstëtzung vun ale Familljememberen hunn sech an de leschte Jorzéngte vill verännert. Frae sinn dofir och ëmmer méi Stress ausgesat a leiden ëmmer méi ënner sougenannte „Männerkrankheeten“ wéi héije Bluttdrock, Häerzkreeslafkrankheeten a Cholesterol.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

D’Verännerung vun der Liewenserwaardung kann en Zeeche fir eng ganz Rei vu Problemer sinn: Schwaachpunkten am Schoulsystem, Hygiène, Problemer am Gesondheetswiesen, Ënnerscheeder am Wuelstand déi zu engem ongesonde Liewensstil kënne féieren an esou weider.

Dofir iwwerwaachen Institutioune wéi d‘“Institutefor Health Metrics and Evaluation“ permanent d’Liewenserwaardung vun de Leit, vergläichen se tëscht Länner, Gemengen an esou guer Dierfer, a vergläichen hier Observatioune mat aner Donnéeën, wéi zum Beispill mat der Verdeelung vu Leit mat héijem Bluttdrock, vu Leit mat Iwwergewiicht an am Allgemenge wéi vill d’Leit sech beweegen. Doduerch kënnen se aner Problemer opdecken an eppes dogéint ënnerhuelen!

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ass d’Liewenserwaardung zimlech héich verglach mat aner Länner. Dat ass op enger Säit natierlech e gutt Zeechen, mee op där aner Säit ass et awer och eng Erausfuerderung. Eise Gesondheetssystem ass zum Beispill méi belaascht (duerch méi altersbedéngte Krankheeten) an d’Bevëlkerung geet an d’Luucht (4 Generatiounen an enger Famill ass keng Seelenheet méi). An dat huet natierlech en Impakt op eis Wirtschaft an eis Gesellschaft.

A genee déi Aspekter hëlt d’Fuerschungséquipe „Ageing and Life Span Development“ vun der Uni Lëtzebuerg ënnert d’Lupp. Si kucken zum Beispill wéien Afloss de Kontakt mat aner Generatiounen an der Famill op d’Liewensqualitéit an d’Gesellschaft huet, respektiv wéien Afloss d’Trennung vun der Famill huet (bei Awanderer zum Beispill). 

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR