(c) RTL

Vum Ersatzstéck fir d'Vëlospompel bis zur Mr Science-Mangafigur - den 3D-Printer mécht et méiglech! De Mr Science erkläert am PISA Magazin iwwer Erfindungen an Innovatioun, wéi 3D Printer funktionéieren.

Haut nach fir Spezialisten a muer fir jiddereen zougänglech: 3D Printer. Fir Designer, Ingenieuren a Fuerscher bidd des Technik ganz nei Méiglechkeeten a wäerte muer och jiddwerengem doheem aushëllefe fir alldeeglech Objeten ze ersetzen. De Mr Science kuckt wéi wäit des Technik ass a geet op Besuch bei Tsume Art, eng Firma déi dës Technik professionell asetzt.

Am Rescht vun dësem PISA-Magazin ginn nach e puer aner Iddie presentéiert:

  • d'Bluttanalyse vun der Zukunft - ouni laang Nol?
  • e kënschtlechen Daarm vu Lëtzebuerg deen hëllefe kéint, Krankheete méi fréi ze erkennen
  • Beton, deen sech selwer fléckt.

Dat ganzt kombinéiert mat engem Abléck an déi nei Ausstellung "Eppur si muove" am MUDAM, bei där revolutionär Technik a modern Konscht openeen treffen.

Mat mat beim Mr Science Quiz a gewannt en USB-Mikroskop!

Weider Informatiounen:

3 D Printer ginn ëmmer méi bëlleg mee sinn trotzdem deier fir den, dach nach begrenzten, Notzen. A sougenannten FABLAB’s (fabrication labratory) kann een 3D Printer an aner Produktiounstechniken (oft gratis) testen. Kuckt op de jeeweilegen Internetsitte fir d’Ouverture Zäiten

Adresse vu FABLAB’s:

Level2 Hackerspace : 87 route de Thionville an der Staat

Info ënner www.Level2.lu

FABLAB Luxembourg : Technoport 9, Avenue des Haut-Fourneaux zu Esch/Belval

Info ënner : www.fablablux.org

Makerspace : Lycée technique d’Ettelbruck 71, Avenue Salentiny zu Ettelbréck

Info ënner : http://makerspace.ltett.lu/

 

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL

 

Infobox

RTL PISA - de Wëssensmagazin

De Pisa Wëssensmagazin kënnt all zweete Sonnden ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg.