© RTL & FNR

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Wéi einfach ass et un engem seng perséinlech digital Daten ze komme wéi E-mailen, Surfgewunnechten, asw?

Fir Firme wéi Google, Apple a Co ass dat kee Problem well mir hinne vill vun dësen Info’en direkt op hir Servere schécken– mee wéi komplizéiert ass dat fir den Hobbyhacker aus der Noperschaft? Kënnen déi iwwert de WiFi (also d’Funknetzwierk) z.B an eise Computer abriechen?

An de Filmer gëtt dat meeschtens ganz einfach duergestallt: Hacker kënnen sech bannent Sekonnen an engem säi Computer aschläichen an dann all digital Donnéeën ausliesen. Theoretesch ass dat och effektiv méiglech mee praktesch brauch ee vill Zäit a ganz performant Computeren. Fazit ass datt en Hacker et wierklech op ee muss ugesinn hunn fir datt en eng Chance huet.

Eise perséinleche WiFi an och déi meescht Onlinesitten (Amazon, Gmail, E-bay...) wou een sech aloggt si verschlësselt. Internetsäiten hunn mëttlerweil oft en „https“ an der Adresszeil stoen, an dat heescht datt d’Donnéeën nëmme schwiereg oder guer net vun Drëtter kënne gelies ginn.

“Man-in-the-middle“ Attack

An eisen Tester zu der Sendung ass awer erauskomm datt Hacker, soubal se am selwechte WiFi wéi hiert Opfer verbonne sinn, dës Verschlësselung deelweis desaktivéiere kënnen (dat nennt een: SSL strip). An engem Café oder aneren ëffentlechen Netzwierker muss een also ëmmer nach emol genee hikucken op den "https" wierklech an der Adresszeil steet ier een e Passwuert agëtt. En Amateurhacker ka matt enger sougenannter „man-in-the-middle“-Attack, an engem ëffentlechen Netzwierk, all d’Informatiounen déi tëscht eisem Computer an engem Router (oder aner Antenn déi mam Internet verbonnen ass) hin an hir geschéckt ginn offänken.

Wéi maachen ech e gutt Passwuert wat een einfach verhält?

E gutt Passwuert huet 12 Zeechen oder méi, Grouss a Klengschreiwung an Zuelen a Spezialzeechen.

D’Passwuert vun der Reportage: 12Bsz&Y.c=1K

Wat wéi eng onlogesch Suite vun Zeeche schéngt ass just eng Ofkierzung vun engem onlogesche Codesaz deen een awer verhält wann een en sech e puer mol opgesot huet:

12 Béier sinn zevill a Youtube.com ass e Krokodil

Dëse Saz huet de Virdeel datt en ausserdeem fir all Onlinesitt liicht anescht ass. Et brauch ee sech also nëmmen ee Codesaz ze verhalen.

Gidd iech méi an denkt iech selwer e gudde Codesaz aus a maacht är Passwierder sécher!

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL & FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR