(C) Asteroid Day

Dëse Freiden, 30. Juni, diskutéieren Astronauten, Astrophysiker an Asteroiden-Expert’en iwwer méiglech (positiv an negativ) Impakter vun de “Weltall-Fielsen”.

Asteroiden sinn Objet’en déi engem Fiels ähnelen a sinn Iwwerreschter vun der Formatioun vu Planéiten an eisem Sonnesystem. Wéi Planéiten dréien si och ronderëm d’Sonn. Déi meescht vun hinnen am sougenannten Asteroidengürtel tëscht dem Mars an dem Jupiter.

Honnerte vu Meteoritten treffen d’Äerd all Dag an et ginn ongeféiert 1 Millioun Asteroiden, déi mer nach net identifizéiert hunn. Asteroide stellen also eng potenziell Gefor fir eis Äerd duer, well d’Méiglechkeet besteet, dass eng Kéier ee groussen eis Äerd trëfft. Dat war och den Ustouss fir de weltwäiten Asteroid Day ze grënnen.  Den Asteroid Day ass e globale Bildungsdag vun der UN. E gëtt all Joer den 30. Juni ofgehalen, de Joresdag vun deem gréissten Asteroiden-Impakt an der rezenter Weltgeschicht (Tunguska, Sibirien, 30. Juni 1908).

Asteroid Day: iwwer potenziell Impakter fir eis Äerd ze sensibiliséieren

Ziel vum Asteroid Day ass iwwer Asteroiden ze sensibiliséieren, an iwwer hier poteziell Impakter fir eis Äerd ze schwätzen. Woubäi et och em positiv Impakter goe kann: d’Letzebuerger Space Mining Initiative Spaceressources.lu wëll an Zukunft Biergbau op Asteroide bedreiwen – an doduerch nei wirtschaftlech Retombéeë fir eis Land kreéieren.  

Sou ass et dann och keen Zoufall dass Lëtzebuerg dëst Joer Gastgeber vum Asteroid Day ass – mat enger Live Iwwerdroung vun Tables Rondes aus dem RTL City Studio an enger Live-Schaltung an de Luxembourg Science Centre.

Live-Iwwerdroung vu Lëtzebuerg

Am RTL City Studio ginn ab 12 Auer mëttes (lokal Zäit) Tables Rondes mat Expert’en aus der ganzer Welt iwwerdroen. Jidderee kann déi iwwert den Internet kucken (hei de Link op d'Sait vum Asteroid Day fir d’Live-Iwwerdroung).

Ziel ass et eng global Diskussioun iwwert déi wichtegst Asteroide-Missiounen an nei Entdeckunge mat internationale Wëssenschaftler an Expert’en ze féieren. Moderéiert ginn d’Tables Rondes vun enger Rei internationaler a lokaler Journalisten a Médiateurs Scientifiques

Ënnert de Speaker si folgend Leit vu Lëtzebuerg mat dobäi :

• Matt Dawson Amateur-Astronom a wëssenschaftleche Mataarbechter vun MNHN ;
• Etienne Schneider, Wirtschaftsminister an déi dreiwend Kraaft hannert der Spaceresources.lu Initiative ;
• Kyle Acierno, Managing Director vun ispace Europe, eng international Firma, déi sech fir Ressourcen um Mond interesséiert a sait kuerzem och Büroen zu Lëtzebuerg huet;
• Jean-Louis Schiltz, Affekot a Consultant am Droit vun Technologien, deen och d’Lëtzebuerger Regierung  zu de legalen Aspekter vu Weltraumaktivitéite beréit.

Kuerz virun 3 Auer mëttes lokal Zäit gëtt eng Live-Schaltung an de Luxembourg Science Centre op Déifferdeng gemaach, wou den Etienne Schneider den offizielle Startschoss fir den Asteroid Day a gläichzäiteg och déi éischt national Science Week gëtt.

De komplette Programm vun den Tables Rondes fannt dir hei (op Englesch)

Wëssenschaftlech Atelier’en, Virliesungen a Visites guidées

Den Asteroid Day zeechent sech awer och virun allem duerch eng sëlleg lokal Evenementer aus, dës Joer a méi wéi 72 Länner op der ganzer Welt.

Zu Lëtzebuerg bedeelegt sech de Musée national d’histoire naturelle (naturmusée) den 30. Juni an 1. Juli mat wëssenschaftlechen Atelier’en, Virliesunge vu Meteoritte-Fuerscher a Visites guidées vu sengen neien Ausstellungen iwwert d’Meteoritte-Kollektioun vum Musée an d’Roll vun Asteroiden a Massenausstierwen an der Vergaangenheet.

De komplette Programm vum Asteroid Day Evenement am naturmusée fannt dir um Internetsite vum Musée.

Am Luxembourg Science Centre bidd den hauseegene Médiateur Scientifique an Astrophysiker Guillaume Trap am Kader vum Asteroid Day wëssenschaftlech Atelier’en fir Schoulklassen un (nëmmen op Invitatioun).

Weider Informatiounen iwwert den Asteroid Day fannt dir op www.asteroidday.org

Wat ass den Ënnerscheed tëscht engem Asteroid, engem Meteorit an engem Meteor? Dat kënnt dir an dësem Artikel op science.lu noliesen

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Photo: Asteroid Day

Auch interessant

Genetik Kënnen DNA-Tester eis soen, wou mir hierkommen?

Kann ee mat engem DNA-Test erausfannen, wou seng Vireltere gewunnt hunn?

FNR
Repräsentative FNR-Umfrage Vertrauen der Bevölkerung in die Wissenschaft weiter gestiegen

Wie bewerten die Luxemburger die Rolle der Wissenschaft in der Covid-Pandemie? Wie hoch ist das Interesse an der Wissens...

FNR
Interaktive Konferenz Wie kann man als Bürger seine Umweltbelastung reduzieren?

Am 17. November 2020 findet die nächste interaktive Konferenz „So you think you’re green” statt (online). Diese konzentr...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Science Check Was sind die Vor- und Nachteile der Sommerzeit?

Zweimal im Jahr die Zeit umzustellen, soll (anscheinend?) Energie sparen, aber negative Auswirkungen auf die Gesundheit haben. Was die Wissenschaft dazu sagt.

FNR
Künstliche Intelligenz Der EU AI Act: Motor oder Bremse für Forschung und Innovation?

Das erste Gesetz weltweit zur Regulierung Künstlicher Intelligenz ist gestimmt: der EU AI Act der Europäischen Union. Drei wissenschaftliche Experten erläutern, was sie von dem Regelwerk halten.

29. Februar
Kalendergeschichten Wie ist eigentlich unser Kalender entstanden?

Den 29. Februar gibt es nur alle vier Jahre – in den Schaltjahren. Doch warum ist das so und wie sind unsere Vorfahren draufgekommen?

FNR