© Pixabay

D’Banannen, déi mer haut iessen, si ganz anerer, wéi déi, déi nach bis an d’60er Jore vum leschte Joerhonnert verkaaft goufen.

Wéi mäin Bopa nach e klenge Jong war, ware Banannen nach pure Luxus. Wann déi haiteg Planzefuerscher sech allerdéngs net ustrengen, wäerte Bananne villäicht gläich erëm richteg seele sinn. Firwat? A ginn et Léisungen?

Mr. Science, wat ass mat der Banann lass?

D’Banannen, déi mer haut iessen, si ganz anerer, wéi déi, déi nach bis an d’60er Jore vum leschte Joerhonnert verkaaft goufen. Déi hunn „Gros Michel“ geheescht a ware méi grouss wéi déi haiteg Banannen an virun allem haten se vill méi Goût. Dës Zort gouf allerdéngs vun enger weltwäit verbreeter Pilzkrankheet zerstéiert, an gouf dofir duerch déi haut bei eis verkaafte Banannenzort ersat. Déi gëtt awer elo vun enger néier Pilzkrankheet bedreet. Anescht wéi bei der leschter Kéier, hunn d’Banannefuerscher awer nach keng Ersatz-Zort am Äermel.

Wisou ass et esou schwéier, Banannen ze ziichten, déi resistent géint esou Pilzkrankheete sinn?

Déi Banannen, déi bei eis op den Dësch kommen, stamen all nëmme vu ganz wéinege Planzen of. Et si souzesoe Klonbanannen. D’Planze ginn duerch Wuerzelofleeër oder Tissuskulture reproduzéiert. Dat huet de Virdeel, dass een ëmmer déi selwecht Planze mat den ëmmer identesche Proprietéiten erauskritt. Souwuel positiver, also Goût, Ausgesinn, gutt Recolten, mee leider eben och negativer wéi Ufällegkeet fir bestëmmte Pilzerkrankungen.

Gëtt et keng aner, méi resistent Banannenzort?

Dach, zum Beispill d’Wëll-Banann. Mee déi wëll keen iessen. Si ass voll mat haardem Som. Aus hier goufen iwwer 1000 verschidde Banannenzorte geziicht. Vill dovu si guer net esou séiss, mee ginn an hiren Ursprongslänner sou wéi Grompere bei eis giess. An aner séiss Zorte verdierwen ze séier fir dee laangen Transport oder gesi fir westlech Consommateuren net schéi genuch aus. Nëmmen en klengen Deel, e bësse méi wéi all zéngt Banann, gëtt iwwerhaapt exportéiert. Déi gehéieren awer all zu der ufälleger Zort.

Wat schloen d’Banannen-Fuerscher fir?

Se versichen d’Gene fir Pilzresistenz aus resistente Banannenzorten an d’Exportbanann ze iwwerdroen.

An wéi geet et domat virun?

Éischt genmanipuléiert Banannë goufe schonn a Versuchsplantagë getest. Aner Fuerscher warnen awer virdrun, erëm an d’Fal vu grousse Monokulture mat nëmmen enger eenzeger Banannenzort ze tappen, well déi dann an e puer Jore villäicht vun der nächster Pilzkrankheet zerstéiert kéinte ginn. Si schloe vir, vill méi ënnerschiddlech Banannenzorten op konventionellem Wee weider ze ziichten an unzebauen. Duerch déi méi grouss genetesch Vilfalt kéinten dann ëmmer e puer Zorte resistent géint néi, haut nach onbekannte Krankheete sinn.

D’Fuerscher sinn sech hei also net esou eeneg, wéi een am beschten un dës Saach eru goe sollt?

Jo, awer genee dofir bleift Fuerschung jo och ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR