FNR

Infobox

Material
  • Wäissen Teller
  • E rouden "Whiteboard Marker"
  • Waasser

Duerchféierung 

Mol eppes mat engem (rouden) "Whiteboard Marker" op e wäissen Teller. E Stär, Chrëschtbeemchen, en Häerz, eng Blumm... Waart e puer Sekonne bis deng Zeechnung gedréchent ass a schëtt da lues e bësse Waasser säitlech op den Teller (net direkt op d'Zeechnung), sou datt deng Zeechnung mat Waasser bedeckt gëtt. Deng Zeechnung misst sech elo vum Teller léisen an um Waasser schwammen!

Geforen 

Déi meescht modern „Whiteboard Marker” enthale keng gëfteg Substanze méi. Et sollt een d'Stëfter trotzdeem net an de Mond huelen. Ganz kleng Kanner Sollten dëst Experiment zesumme mat engem Erwuessene maachen.

Tipps 

Opgepasst, dëst Experiment funktionéiert net mat all Stëft. An eisen Hänn huet et nëmme mat engem rouden "Whiteboard Marker" funktionéiert. Probéier roueg verschidden Zorte Stëfter a Flëssegkeeten aus, a fro fir d'éischt no obs de d'Telleren dierfs benotzen - falls d'Faarf duerno net méi ofgeet 😉

D'Waasser soll Raumtemperatur hunn. Wann deng Zeechnung sech net direkt vum Teller léist, rësel den Teller liicht hin an hir a kuck ob et da geet. Eventuell muss Du en anere Stëft probéieren.

Prinzip 

D'chemesch Zesummesetzung vun de "Whiteboard Marker" mécht dëst Experiment méiglech. D'Faarfpigmenter an dëse Stëfter sinn an Alkohol opgeléist. Ausserdeem enthalen dës Stëfter och en Haarz oder e sougenannte Polymer an eng aner Substanz, déi d'Faarf "rutscheg" maachen an doduerch bleiwen se op enger glater Uewerfläch net permanent pechen a kënnen erëm ofgewëscht ginn. D'Polymeren droen ausserdeem dozou bäi, datt d'Faarf innerhalb vu sech selwer zesumme gehale gëtt.

Wann s Du elo mat engem "Whiteboard Marker" op e glaten Teller mools, verdonst den Alkohol an deem Faarfpigmenter opgeléist sinn. Um Teller bleiwen also just d'Faarf an de Polymer. Well déi jo awer net fest um Teller pechen, kann d'Waasser wats du op den Teller schëtts sech ënnert deng Zeechnung leeën a se vum Teller léisen. A well d'Faarf sech innerhalb vu sech selwer zesummenhält a méi liicht ass wéi Waasser, schwëmmt deng Zeechnung um Waasser.

Alldag 

„Whiteboard Marker“ gi benotzt fir op wäiss Tafelen (Whiteboard) oder Glas ze schreiwen oder ze molen. Et kann een den Text oder säi Konschtwierk duerno erëm relativ liicht ofwëschen. Den Ënnerscheed tëscht "Whiteboard Marker" an "Permanent Marker" (Bensinnsstëft) ass den Haarz oder Polymer, deen am Stëft dran ass. Anescht wéi beim "Whiteboard Marker" ass am "Permanent Marker" en Haarz oder e Polymer dran dee mécht, datt d'Faarf op der Surface peche bleift.

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Video: Linda Wampach, Angelina Clemens, Melanie REUTER (FNR)