© Wikimedia

En erfarungsbedéngte Reflex, deen de Pawlow mat Hënn erfuerscht huet

Mr. Science, de Buffet ass nach net op, schonns leeft engem d’Waasser am Mond zesummen. Munch Leit mussen nëmmen e Kachbuch mat uspriechende Fotoen opschloen a schonns kréien se Appetit. D’Aen ësst ebe mat, heescht et. Mee wisou ass dat esou?

D’Gehir erkennt d’appetitlecht Bild als Iessen. An do kënnt dann de vegetativen Nervesystem an d’Spill: E schéckt de Kommando un d’Bauchspeicheldrüs, méi Spaut ze produzéieren. Mir kënnen dat net bewosst kontrolléiere well et eng Aart Reflex ass.

Ass et en ugebuerene Reflex?

Nee, ugebueren ass de Reflex net, en ass duerch Erfarung ugeléiert. An net nëmme Mënschen, mee bal all Liewewiese bilden sou erfarungsbedéngte Reflexer aus. Dat huet de russesche Biolog Iwan Pawlow scho virun honnert Joer mat Hënn gewisen. Beim Fidderen huet en ëmmer mat enger Klack geschellt. No kuerzer Zäit huet e festgestallt, dass d’Hënn och schonns ufänke mat suddelen, wa se nëmmen d’Klack héiere – souguer wann et guer naicht ze friesse gouf. Sie hu geléiert, dass et beim Schelle Friesse gëtt.

Wisou ass dësen ugeléierte Reflex nëtzlech?

Dat ass eng Virbereedung fir duerno effektiv eppes ze iessen: Am Spaut sinn nämlech sougenannten Enzymer dran, déi d’Kuelenhydrater scho virverdauen, zum Beispill Stäerkt an Zocker zerleeën. Dofir schmaacht d’Brout e bësse méi séiss wann een et laang knat. Ausserdeem hëlleft de Spaut dobäi, d’Iessen zu engem Bräi ze zerknaen, dee ganz liicht d’Schléck erofrutscht. 

Leeft eis d’Waasser nëmmen dann am Mond zesummen, wann mer d’Iessen lecker fannen?

Net onbedéngt. Komm mir maache mol e klengt Experiment: Stell der mol eng Zitroun vir. Se ass giel a säfteg - a gutt sauer. Stell der lo fir du géifs dra bäissen...

Mierks de et? Bei ville Leit fänkt d'Speicheldrüs scho mol u mat schaffen, obwuel net jidderee fräiwëlleg géif an déi Zitroun bäissen.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 9.11.2017 beäntwert. 

 

 

Speechel

Speechel besteet zu 99 Prozent aus Waasser. E bësse pecheg gëtt en duerch de Schläimstoff Mucin. Ausserdeem sinn am Speechel eng ganz Rei vun Enzymer. En Enzym hëlleft dobäi, d’Kuelenhydrater aus dem Iessen ze zerleeën. Aner Enzymer dogéint wieren Infektiounserreger of, schütze viru Kariesbakterien an halen d’Zännfleesch gesond. Ze wéineg Speechelfloss oder Monddreschenheet feiert net nëmmen zu Mondgeroch, mee ass en seriöen Problem. E gesonde Mënsch produzéiert all Dag tëschent 0,6 an 1,7 Liter Speechel.

D’Pawlowsch Experiment

Viru ronn honnert Joer konzipéiert de russesche Physiolog Iwan Petrowirsch Pawlow säi berühmten Experiment: Während Hënn gefiddert goufen, huet en eng Klack laude gelooss. Nodeems d’Déieren dat e puer mol matgemaach haten, hunn se schonns nom éischte Klackenlaut ugefaangen ze sabbelen, an zwar och dunn, wéi dee Fudder se gesinn oder ze riche war. Pawlow konnt sou weisen, dass dëse Reflex duerch léiere bedéngt gouf. Bal all Wirbeldéiere sinn an der Lag, op Erfarunge mat der Ëmwelt mat sou „bedéngte Reflexer“ ze reagéieren.

Aussi intéréssant

Gediechtnes Firwat falen eis heiansdo Wierder einfach net an?

"D‘Wuert läit mir op der Zong“ – Jidderee kennt dat frustréierend Gefill en Wuert ze wëssen an et awer net ze faassen ze...

FNR
Videospiller Maache Ballerspiller aggressiv?

Politiker behaapten et, an de Medie liest een et och ëmmer nees: Videospiller mat Gewalt maachen aggressiv. Stëmmt dat w...

FNR
Oh Jëssess /Buuuhhh! Firwat si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer?

Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Mu...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR