Am Video fuerdert de Superjhemp de Georges Christen, de stäerkste Mann vun der Welt raus: „Ech wetten, du kriss des zwee Stécker Holz net auserneen, déi ech mat Kachkéis zesumme gepecht hunn“! Wee gewënnt d’Wett?

Wéi ee gesäit huet de Georges Christen Schwieregkeeten, wann en einfach riicht a kontinuéierlech un den zwee Hëlzer zitt. E ka souguer de Superjhemp mat séngem, nawell zolitten, Gewiicht mat den Zänn ophiewen – mat Hëllef vu Kachkéis. Ma de Georges Christen wier net de Georges Christen, wann hien net awer géif d’Wett gewannen. Hie benotzt dofir en Trick, dee mer iech hei verroden. Ma eent nom aneren. Fir d’éischt puer Erkläerungen:

Firwat pecht Kachkéis?

Well “Casein” dran ass, a Casein a bestëmmte Bedingungen en immens gudde Pech ass! Casein ass dee wichtegsten Eewäiss an der Mëllech vu Maamendéieren. Beim Räife vum Kéis, quëllt de Casein. Dat heescht d’Caseinmoleküllen réckelen e bëssi auserneen, an et gëtt Plaz fir Waassermoleküllen dertëscht ze loossen. Déi verschidden Caseinmoleküllen ginn esou duerch ganz staark sougenannt Waasserstoffbrécken unenee gebonnen. Waasserstoffbrécke si chemesch Bindungen. Si berouen op der Unzéiung vu positven an negativen elektresche Ladungen. Genau sou bestinn och ganz staark Unzéiungskräften tëscht dem Casein an anere Stoffen, wéi Holz zum Beispill.

Fir zwee Stecker Holz mat Kachkéis dertëscht auserneen ze zéien, mussen also all des Unzéiungskräften iwwerwonne ginn! Dofir pecht Casein sou gutt. Wichteg ass och de Kachkéis gutt drëschnen ze loossen. Fir d‘Experiment hei am Video hu mer de Kachkéis puer Deeg tëscht den Holzstécker drëschne gelooss, fixéiert mat engem Serre-Joint, fir dass näischt verrutscht.

Iwwregens hunn déi al Ägypter schonn 1300 virun eiser Zäitrechnung mat Casein Pech gemaach, deen se benotzt hunn, fir Holz zesummen ze pechen. Nach haut ginn d’Etiketten mat Casein-Pech op d’Fläschen gepecht.

Wéi funktionéiert Pech?

Wéi aus dem Beispill mam Kachkéis ervirgeet, besteet Pech aus Moleküllen, déi sech selwer ganz staark unzéien (Kohäsiounskräften), an déi d’Moleküllen vun anere Stoffer och ganz staark unzéien (Adhäsiounskräften).

Wéisou kritt de Georges Christen d'Stécker Holz am éischte Versuch net auserneen?

Well de Kachkéis tatsächlech immens gutt pecht! Wann de Georges Christen un den Hëlzer zitt, dann übt de Kéis iwwerall Kräften op d’Hëlzer aus, ähnlech wéi wann d’Hëlzer sech gengen unzéien. Des Kräften muss de Georges Christen iwwerwannen.

Ma et ass awer och sou, dass déi zwee Stécker Holz him quasi keng Upak bidden. Hie kritt sou nëmme ganz wéineg Kraaft op d'Stécker ausgeübt.

Vläicht forméiert sech och beim Auserneenzéien e klenge Vakuum tëscht den Hëlzer? Wat dat zolitt Pechen nach zousätzlech erkläre géng. Ma hei misst een nach méi dozou fuerschen ;)

Mat wéi engem Trick kritt de Georges Christen d’Hëlzer da schliesslech lass?

Andeems hien Neel benotzt, déi him méi Upak ginn. Ausserdeem kann hien op déi Manéier d'Hëlzer “iwwer-Eck-Zéien”. Wat dat bewierkt, weist folgend Skizz:

Zitt de Georges un den Ecker vun den Hëlzer, da stäipen sech déi géigeniwwer leiend Ecker fest widdereneen. De Kachkéis gëtt nëmmen deelweis auserneen gezunn, an et si manner Kéiskräften ze iwwerwannen. Soubal de Kéis ufänkt ze räissen, verschwannen déi. Et gëtt e Ruck, an de Rescht vum Kéis räisst och.

Fazit: De Kachkéis hällt ganz gutt, wa just gezu gëtt. Fir e lass ze kréien hëlleft et, fir net riicht drun ze zéien. Dat selwescht weist e kléngt Experiment, wat ee selwer ausprobéiere kann, wann een zwou riicht Scheiwe Glas huet: E puer Drëpse Waasser tëscht de Scheiwen bewierken, datt een d’Scheiwen net auserneen zéie kann. Si loossen sech ower ganz gutt géinteneen verréckelen.

Wéi gëtt de Kachkéis gemaach?

Wann een Mëllech eng Zäitchen stoe léisst gëtt se sauer. Eng Hellewull Bakterien (Mëllech-Saier-Bakterien) dreiwen nämlech an der Mëllech hiert Onwiesen: Si liewen ouni Sauerstoff an ernieren sech vun de Bestanddeeler vun der Mëllech (Zockeren, Proteinnen, Fetter) an produzéieren Mëllech-Saier.

Bei der Fabrikatioun vum Kachkéis gëtt dëse Prozess kontrolléierbar duerchgefouert, doduerch datt d’Mëllech mat engem Cocktail vun Bakteriëkulturen geimpft gëtt. Fir de Kachkéis gëtt moer Mëllech geholl, also Mëllech, déi keng Ram méi enthält.

An der sauerer Mëllech gerënnt de Haapt-Protein aus der Mëllech, de “Casein”: Et entsteet Déckes (Frëschkéis, eppes wéi wäisse Kéis, Quark, metton) an enger gielzeger Flëssegkeet (Wesseg, Molke, petit lait). Dat gëtt Brach genannt. De Frëschkéis mam Casein gëtt vum Wesseg getrennt a gepresst, fir datt esou vill wéi méiglech Flëssegkeet eraus geet.

Duerno gëtt en zergrimmelt an e puer Deeg kal roue gelooss. Schliisslech kënnt en fir e puer weider Deeg an méi eng waarm Kummer, wou en räife kann. Dat heescht, datt Bakterien an Hiefen de Kéis lues a lues veränneren: E kritt Goût, eng gielzeg Faarf a gëtt glaseg.

E gëtt dann gekacht, mat Waasser, an et gëtt Salz a Peffer bäigesat, fir de Geschmaach ze verbesseren. E kritt elo seng wuelbekannte pecheg zéiflësseg Konsistenz. De spezielle Räifungsprozess virum Kachen bewierkt, datt de Kéis homogen bleift, dat heescht, datt d’Waasser an d’Fett setzen sech net ofsetzen. De more Kachkéis ass fäerdeg.

Mat Botter kann de Fettgehalt eropgesat ginn. Dat gëtt dann dee fettegen Kachkéis, deen ganz gutt schmaacht, ower net esou gutt pecht.

Da gëtt et nach de Kachkéis mat Kraider, déi während dem Kachen bäigesat ginn.

Dee ganze Fabrikatiounsprozess ass en natierlechen. Et gi keng sougenannte Schmelzsalzer (sels de fonte)  bäigesat, wéi dat zum Beispill beim franséischen concoillotte a beim däitschen Harzerkäse de Fall ass.

Auteur: André Mousset
Editeur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Video: Jean-Paul Bertemes & Moast Creative studios

Aussi intéréssant

Kachwëssen Wéi vill Alkohol bleift nom Kachen am Iessen?

Ob Boeuf bourguignon oder Béierzooss fir de Brod: Bei ville Rezepter kënnt Wäin oder Béier an d'Kachdëppen. Mä verkacht ...

FNR
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen eréischt am September nees...

FNR
Chili, Peffer & Co. Firwat ësst een a waarme Länner schaarf?

Bei richteg schaarfem Iesse schweesst ee séier. Mä firwat iessen d'Leit a waarme Länner trotzdeem oft gär schaarf? Et gë...

FNR

Aussi dans cette rubrique

FACTCHECK Quels sont les avantages et inconvénients de l’heure d’été ?

Changer d’heure deux fois par an est censé économiser de l’énergie, mais aurait un impact négatif sur la santé. Le point sur ce qu’en dit la science.

FNR
Artificial Intelligence The EU AI Act: driver or brake for research and innovation?

The world's first law to regulate artificial intelligence got the green light: the EU AI Act of the European Union. Three scientific experts explain what they think of the regulations.

29 février
Histoire du calendrier Quelles sont les origines de notre calendrier ?

Le 29 février n'a lieu que tous les quatre ans – pendant ce qu'on appelle les années bissextiles. Mais quelle en est l’explication et comment nos ancêtres ont-ils mis au point notre système calendair...

FNR