OLSN

Bilder der Naturwissenschaftsolympiade 2016

Du interesséiers dech fir Chimie, Biologie oder Physik, bass Schüler am cycle supérieur, wëlls dech an engem Concours mat gleichaltrege moossen an dobäi och nach e Präis gewannen?

Dann informéier dech iwwert d’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad, an och d'Biologie-, Physiks a Chimiesolympiad déi all Joer vun der a.s.b.l. Olympiades luxembourgeoises des science naturelles (OLSN) organiséiert ginn. Ziel vun den Olympiaden ass et, nieft der Steigerung vum Interessi un de Sciencen, déi bescht Schüler ze selektionéieren fir Lëtzebuerg op den internationalen Olympiaden ze vertrieden.Op der neier Websait www.olympiades.lu kriss du all Informatiounen.

Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad fir 4e an 3e

2021/2022 fënnt déi 15. Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad statt. Dëse wëssenschaftleche Concours beschäftegt sech mat de verschiddenen Domänen vun den Naturwëssenschaften (Biologie, Chimie, Physik) a riicht sech virun un d’Schüler vun de Klassen 4e an 3e aus dem ESG an ESC zu Lëtzebuerg.

All Schüler, déi an d'Finall kommen, kréien e Präiss an déi sech beschte Schüler däerfen als Vertrieder vun eisem Land am un der European Olympiad of Experimental Sciences an der Tschechescher Republik deelhuelen (EOES). Méi Infoen iwwert des Olympiad op www.eoes.science

Save the dates

  • Qualifikatioun: Den 18. November 2021 an all Lycée, dee matmécht. Beispiller vun de Froe stinn ënnert www.nwo.lu.
  • Halleffinall: Den 13. Dezember 2021 am LGL. Hei ginn interessant Froen an theoretesch Aufgaben zu wëssenschaftleche Versich gestallt.
  • Finall: Den 3. Mäerz 2022 am LMRL. Hei geet et drëm, naturwëssenschaftlech Versich am Team duerchzeféieren.

Wien däerf matmaachen?

All Schüler, deen um oder nom 01.01.2005 gebuer ass.

Wou kann ech mech umellen?

Bei dengem Biologies-, Chimies- oder Physiksprofesser bis den 10. November 2021 iwwert den neie Site vun der Naturwëssenschaftsolympiad www.nwo.lu.

Mëll dech ELO un!

Hei e puer Biller vun der Éditioun 2020-2021:

Drai weider Olympiaden an der Biologie, Physik a Chimie

D’a.s.b.l. Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles organiséiert 2021-2022 och nach d'Biologies-, Chimies-, a Physiksolympiaden. Des wëssenschaftlech Concoursen riichten sech un d'Schüler vun der 2e a 1ere aus dem ESG an ESC. Informatiounen iwwert des Olympiaden och op der neier Internetsait vun der asbl www.olympiades.lu.

Biologiesolympiad 2022

  • Aschreiwunge bis den 19. Januar 2022
  • Qualifikatioun den 2. Februar 2022
  • Halleffinal de 16. März 2022
  • Final de 7. Mee 2022

Chimiessolympiad 2022

  • Aschreiwunge bis den 7. Januar 2022
  • Qualifikatioun den 25. Januar 2022
  • Halleffinal de 17. März 2022
  • Final den 30. Abrëll 2022

Physiksolympiad 2022

  • Aschreiwunge bis de 5. Januar 2022
  • Qualifikatioun den 13. Januar 2022
  • Halleffinal den 28. Januar 2022
  • Final de 26. Mäerz 2022

Auteur: Associatioun Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles asbl
Éditeur: Michèle Weber (FNR)

Video (vun der Biologiesolympiad 2021): Associatioun Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles asbl

Aussi dans cette rubrique

Les STEAM avec les enfants d’âge préscolaire Comment les Trois Petits Cochons aident à promouvoir les compétences en STEAM

Accroche : Une nouvelle formation continue du SciTeach Center montre aux enseignants comment les STEAM (STEM + arts) rendent possible un enseignement transversal grâce à des approches innovantes.

Défi Take Off à reproduire en classe Quel est le moyen le plus rapide de faire fondre de la glace ?

Vous êtes enseignant et vous avez envie de reproduire un défi de l’émission Take Off avec vos élèves ? Dans cette vidéo, vous allez découvrir comment reproduire ce défi avec votre groupe de jeunes.

FNR, ALF
9. - 12. November am Gronn Impressioune vum Science Festival 2023

Spektakulär Showen, flott Experimenter a vill begeeschtert Kanner, Erwuessener a Wëssenschaftler. Déi 14. Editioun vum Science Festival war e grousse Succès!