(c) Steve Jurvetson

Et héiert ee jo an der lescht vu bal allen Autosmarken dass se erfollegräich Autoen ouni Chauffeur getest hunn. GPS gëtt et scho relativ laang, verschidden Autoe kënne schonn eleng aparken, et sollen der esouguer scho ginn déi der hëllefe besser a méi sécher duerch den Traffik ze kommen. Firwat dauert dat dann esou laang bis et ganz autonom Autoe ginn?

Eigentlech hues de Recht: wann’s de all déi Technologien, déi’s de elo erwähnt hues, kombinéiers, dann du hues am Prinzip en Auto deen eleng ka vun A op B fueren! An der Realitéit kommen awer nach e puer Erausfuerderungen dobäi. Et geet net duer dass den Auto weess wou en ass, wou en hi muss a wéi wäit e vun aner Autoen ewech ass, e muss och Problemer erkennen oder virausgesinn, eng Décisioun huelen an handelen! Zum Beispill wann e Kand engem Ball hannendru leeft an op d’Strooss spréngt! Vu wou kënnt de Ball? Bremsen ech oder wäichen ech aus? A wéi eng Richtung soll ech auswäichen? An esou weider!

Wéi funktionéieren déi Systemer da bis elo?

Du hues am Fong 2 separat Systemer, déi awer mussen zesumme schaffen! Dat wichtegst ass natierlech d’Steierung! Dofir hues de Lasersensoren, Radarsensoren an 3-D Kamerae rondrëm dem Auto. Déi moossen alles wat op bis zu 200 Meter rondrëm dem Auto ass a wéi déi Saachen sech beweegen. Dee System géif zum Beispill de Ball erkennen, vu wou e kënnt a wou en hi flitt. An deen erkennt zum Beispill och wéini’s de muss d’Spuer wiesselen!

Mee wann dee System d’Kand mam Ball jo erkennt, dann ass et jo gutt? Da kann den Auto bremsen oder auswäichen?

Jo, mee do kënnt den zweete System an d’Spill: d’Lokalisatioun! Fir ze decidéieren ob e soll bremsen oder auswäichen, muss den Auto wësse wou en ass fir beim auswäichen zum Beispill net an eng Mauer ze rennen! Bis elo war d’Lokalisatioun haaptsächlech op GPS baséiert, mee wëll’s de d’Signal dacks verléiers ass dee System net ganz sécher. Toyota huet dofir seng Taktik geännert a schafft elo un enger Alternativ déi guer kee GPS méi benotzt a ganz einfach op Kamerae baséiert ass . Den Auto filmt permanent wat rondrëm ass, an eng Software vergläicht déi Biller mat Kaarten. Sou kann en dann erausfannen ob den Auto dem Ball kann auswäichen oder ob e muss bremsen!

Dann ass et also wierklech nach just eng Fro vun der Zäit. D’Technologie gëtt et, se muss just nach verbessert ginn! Weider Infoen iwwer d’Problemer oder nei Technologie verréits de eis wéi ëmmer an der Infobox!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Steve Jurvetson

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 
Wéi verännert/verbessert en autonomen Auto eist Liewen?

D’Amerikanesch „National Highway Traffic Safety Administration“ schätzt dass 90% vun den Autosaccidenter duerch mënschlecht Versoe verursaacht ginn an domat, op mannst zum Deel, mat autonome Systemer kënne verhënnert ginn. Dat hätt natierlech net nëmme Virdeeler fir eis Gesellschaft – laut der Weltgesondheetsorganisatioun stierwe weltwäit all Joer 1,3 Millioune Leit op de Stroossen - mee och fir eis Ökonomie – Doudesfäll duerch Autosaccidenter kaschten den amerikanesche Staat all Joer iwwer 300 Milliarden US Dollar!

Ausserdeem kéint en autonome Fuersystem déi optimal Trajectoire besser ausrechnen a méi „dynamesch“ fuere wéi sou munche Chauffeur. Doduerch kéint, laut enger Studie vu Volvo, de Bensinsverbrauch em 20% reduzéiert ginn.

Stau wier och keen Thema méi! Theoretesch kéinten, duerch dee méi regelméissegen an organiséierte Fuerstil vun autonomen Autoen, bis zu 4 mol méi Autoen op eise Stroosse rullen, an esou vill Käschte verhënnert ginn, déi duerch Stau provozéiert ginn (haaptsächlech verschwenten Benzin fir op der Plaatz ze stoen).  

Problem vun de Suen an der Gréisst

D’Technologie vun esou engem autonomen Auto muss natierlech méi wéi perfekt sinn, fir dass mir eis trauen esou en Auto ze benotzen, respektiv engem op der Strooss ze begéinen! D’Sécherheetsmoossname sinn enorm, de System kann sech natierlech net erlabe fir ofstierzen. Et brauch een also ëmmer e Plang B!

Fir déi ganz Technologie an den Auto ze kréien ass net esou einfach: bis elo sinn se nach ze grouss an ze schwéier! An d’Technologië si souwisou schonn net geschenkt, a wéi bei esou ville Saache gëllt och hei: wat méi kleng oder liicht, wat méi deier!

Legislatioun

A verschiddenen Amerikanesche Staaten sinn autonom Autoe vum Gesetz hier schonn erlaabt (haaptsächlech fir Testfahrten). Op deene meeschte Platzen, ënner anerem an Europa, stinn deenen Autoen awer nach 2 international Verträg („Vienna Convention on Road Traffic“ an „Geneva Convention on Raod Traffic“) am Wee.  Laut deene Verträg muss de Mënsch nämlech während dem Fuere voll Kontroll iwwert den Auto hunn.

Och wann déi Gesetzer an den nächste Jore wäerten iwwerschafft a geännert ginn, kann een sech schlecht virstellen dass de Mënsch vun haut op muer absolut keng Kontroll iwwert den Auto méi muss hunn. D’Gesetzer gi wahrscheinlech schrëttweis  geännert a wäerten den autonome System am Ufank wuel nëmmen an einfache Situatiounen zouloossen (Autobunn zum Beispill) ënnert der Konditioun dass de Mënsch zu all Moment muss kënnen agräifen. Technesch machbar, mee vun engem mënschleche Standpunkt aus net esou evident!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Laut den Temoignage vun engem Testpilot ass et vill ze vill einfach fir d’Konzentratioun ze verléiere wann’s de dech bis un de System gewinnt hues, dem Auto d’Kontroll ginn hues an et tatsächlech fäerdeg bréngs fir dech ze entspanen. D’Fuerscher schaffen also och u Systemer, déi dem Chauffeur seng Opmierksamkeet iwwerwaachen an en warne wann en ze vill ofgelenkt ass. En aner System soll selwer realiséieren, wann den Auto um Punkt ass ze versoen, fir de Chauffeur kënnen ze warnen an em genuch Zäit ze loosse fir anzegräifen an d’Kontroll ze iwwerhuelen.

Déi ganz Problematik vun der Interaktioun tëscht Mënsch a Maschinn hëlt de Bryan Reimer, Fuerscher um MIT, ënnert d’Lupp. Hien entwéckelt nei Modeller a Methode fir d’Behuele vum Mënsch an  dynamesche Situatioune besser ze verstoen, andeems en psychologesch Signaler, d’Orientéierung vun eisem Bléck an eis allgemeng Kierperfähegkeeten analyséiert.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

En Auto ouni Chauffeur ass just eng Uwennung vun autonome Systemer!

Säit 2012 beschäftegt sech de „Automation Research Group“ op der Uni Lëtzebuerg och mat deem Thema: si huelen eis mental Kapazitéiten ënnert d’Lupp, op déi mer ugewise si fir efficace mat Maschinnen ze interagéieren. Si konzentréieren sech awer op Uwennungen a ganz anere Beräicher, wéi zum Beispill op kritesch technologesch Systemer an der Gestioun vu Waasser an Energie (wou een sech kee mënschlecht Versoe kann erlaben), mobil Roboteren (fir Weltraummissiounen) an awer och modern medezinesch Instrumenter!

 

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR