actors.lu

Déif Stëmm, markéierte Kënn, symmetresch Gesiichtszich,... dat sinn alles Zeeche vu physescher a genetescher Gesondheet.

Den Tommy Schlesser gouf zum sexyste Lëtzebuerger gewielt. An hie gesäit jo och wierklech net schlecht aus, mee firwat fanne mer grad hien esou sexy?

Déif Stëmm, markéierte Kënn, symmetresch Gesiichtszich,... dat sinn alles Zeeche vu physescher a genetescher Gesondheet. 

Déi gudd Qualitéit wëllen d’Fraen natierlech weider un hir Kanner ginn, an dofir fanne se esou männlech Eegeschaften natierlech sexy! Mee dat heescht nach laang net, dass se och hiert Liewe wéilte mat him verbréngen!

Déi mannste Fraen hätte wuel eppes dergéint fir hiert Liewe mat him ze verbréngen. Oder? 

Dat hängt dovun of, wou eng Fra an hirem biologeschen Zyklus drun ass. Wann se grad en Eesprong huet a kéint schwanger ginn, da flitt se tatsächlech op esou sexy Männer! Well déi staark a gesond sinn, setzen se gudd Viraussetzunge fir gesonden Nowuess. De Rescht vum Zyklus, wann et jo souwisou net drëm geet fir schwanger ze ginn, sinn d’Fraen éischter vu méi sensibelen, heinsdo souguer bësse weiblech ugehauchte Männer ugezunn, well déi a priori besser Partner a Pappe schéngen ze sinn.

Reng biologesch ass dat alles ganz stereotypesch, mee spillt eis Kultur do net och eng Roll?

Vun engem reng biologesche Standpunkt ass et effektiv stereotypesch, well mir do just Déiere si wéi all déi aner! Mee a Wierklechkeet spillt do awer och eis Kultur, eis Gesellschaft, d‘Erzéiung an och eis Spiritualitéit eng grouss Roll. Een attraktiv oder sexy fannen huet jo nach laang näischt mat Léift, Vertrauen oder Charakter ze dinn. Dofir däerf een déi Saach dann och net esou streng gesinn!

Et lauschtert een also am beschten op säi Bauchgefill anstatt seng Bezéiung wëssenschaftlech ënnert d’Lupp ze huelen. Obwuel d'Wëssenschaft vill dozou ze soen huet:

Am Idealfall bilt de Kierper sech bei engem Embryo ganz symmetresch lénks a riets vun der zukënfteger Wirbelsail. D’Resultat ass an deem Fall natierlech e perfekt symmetresche Kierperbau! A ville Fäll ënnerlafen awer kleng genetesch Feeler. Obwuel se net onbedéngt grouss Konsequenzen hunn, kënnen se trotzdem hier Spuren ënner Form vu klengen Onsymmetrien hannerloossen. Dat selwecht gëllt fir Infektioune während der Schwangerschaft, Ënnerernierung, Alkohol, Drogen oder Tubak. Dass mer symmetresch Gesiichter also méi attraktiv fannen, ass eng onbewosst Äntwert op physesch a genetesch Gesondheet.

Bei der Partnerwahl geet et jo awer net nëmmen em d'Ausgesinn. Och z.B. de Kierpergeroch spillt eng Roll. Firwat fanne mer engem anere säi Kierpergeroch a bestemmte Fäll oofstoussend?

Am Volleksmond seet een dack „Ech kann deen net richen!“. Biologesch gesinn ass do eppes drun. Während dem Eesprong, wann eng Fra ka schwanger ginn, emfënnt se de Kierpergeroch vu Familljememberen als ofstoussend. Bei eise gesellschaftleche Verhältnisser ass dat vläit net méi esou wichteg, mee bei eise Virfahren, déi ëmmer a méi oder manner grousse Gruppen zesummegelieft hunn, war et net ëmmer kloer, ween elo zur noer Famill gehéiert a ween net. De Kierpergeroch, dee vill vum Imunsystem beaflosst gëtt, gläicht sech dofir bei Familljememberen. Dass mer deen dann ofstoussend fanne verhënnert Inzucht, an domat genetesch Problemer beim Nowuess.

Och wat Monogamie ubelaangt schénge Wëssenschaft a Kultur net onbedéngt op enger Wellelängt!

Monogamie ass bei eis de gesellschaftleche Standard! Biologesch ass dat awer keng Noutwennegkeet. Et ginn näämlech net vill Déieren, déi e Partner fir d’Liewen hunn, an och bei de Mënsche ginn et do Ënnerscheeder!

D’Frae si permanent tëscht engem Mann, deen interessant Qualitéite fir den Nowuess huet, an engem Mann, dee sech als Liewenspartner an Erzéier fir d‘Kanner (mee net onbedéngt biologesche Papp) eegent, hin an hier gerappt. Statistesch gesinn hunn d‘Fraen och éischter d’Tendenz während hirem Eesprong mat engem sexy, attraktive Mann ze schlofen. Während dem Rescht vum Zyklus sinn se ganz zefridde mat hirem sensibelen, hëllefsbereeten a verständnesvolle Liewenspartner.

D’Männer hunn en ähnleche Problem! Si wëlle jo och der nächster Generatioun hir gudd Qualitéiten hannerloossen! Dofir si si physesch vu Fraen ugezunn, déi se onbewosst als fruchtbar ugesinn. Zum Beispill mat grousse Brëscht (en Zeechen dass d’Fra aus der Pubertéit ass a Kanner ka kréien), markéierten Hëften (en Zeechen dass se robust genuch ass fir d’Gebuerten ouni Problem ze iwwerstoen) an enger schmueler Taille (betount d’Brëscht an d’Hëften optesch). Mee am Alldag sinn och si mat hirem Liewenspartner zefridden, sou wéi en ass.

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto ©actors.lu

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 25/09/13 opgeholl

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

Esou wuel fir d’Männer wéi fir d’Frae gëtt et also eng biologesch Versuchung fir friemzegoen! Als Géigegewiicht taucht dann eis Kultur, Erzéiung, a gesellschaftlech Richtlinnen op. Ausserdeem soll bei Leit, déi hiert ganzt Liewen trei bleiwen, en Hormon an enger bestëmmter Regioun vum Gehir ze fanne sinn. Bei de Frae wier et Oxytocine, a bei de Männer Vasopressine. Eng kleng biologesch Ënnerstëtzung fir trei ze bleiwen hätte mer also! Mee déi genee Funktioun vun deenen Hormoner am Gehir ass nach net bekannt!

Dofir fuerscht dem Larry Young seng Equipe un de geneteschen an neurobiologeschen ( wéi eist Gehir fundamental funktionéiert) Aspekter fir eist komplext sozialt Behuelen besser ze verstoen! Wéi et ausgesäit ass näämlech en Deel vun eisem Behuele guer net fräiwëlleg, mee gëtt duerch eng Rei Gene beaflosst.

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

Eise Kierper (eis Gesondheet) an eist Behuele sinn op méi Art a Weise matenee verbonn! Eist Behuele kann natierlech eis Gesondheet beaflossen, wéi zum Beispill am Fall vun Iessgewunnechten, dem Ëmgang mat Stress, oder risikoräiche Fräizäitaktivitéiten. Mee et funktionéiert och an déi aner Richtung! Duerch eist genetescht Material (dat wat all Mënsch individuell mécht), gëtt och eist Behuele beaflosst. Et ass zum Beispill scho gewosst dass verschidde Verbriecher aner Gehirstréimungen hunn an dofir dozou veranlaagt sinn, fir eng bestëmmten Zort vu Verbriechen ze begoen.

Mee iergendwa muss een och vun der Theorie an der Fuerschung an d’Praxis iwwergoen! Dofir huet den 13te Kongress vun der „Deutschen Gesellschaft für Verhaltensmedezin und Verhaltensmodifikation“  2011 zu Lëtzebuerg en ideale Kader gebueden!