Frau schneidet Grimasse und kratzt sich am Kopf

Shotshop

Heiansdo ass et besser NET zevill nozedenken.

Mr. Science, gëschter Owend wollt ech Suen ophiewen an hat mäi Code vergiess. En ass mer och bis ech schlofe gaange sinn net méi agefall. Haut de Moien hat ech en dunn erëm am Kapp. Wéi kennt et, dass een sech u vergiesse Saachen oft net erënnere kann, wann ee besonnesch intensiv driwwer nodenkt?

Wat beim Denken am Gehir ofleeft, ass zum groussen Deel nach net genee bekannt. Mee den Effekt, deens du do grad beschriwwen hues, hu Wëssenschaftler schonn zimlech gutt verstanen. D’Ursaach ass d’ofruffinduzéiert Hemmung.

Wat ass dat dann?

D‘ofruffinduzéiert Hemmung ass e Mechanismus, mat dem d’Gehir gezielt Erënnerungen ënnerdréckt. Wann s de dech un d’Telefonsnummer vun der Frëndin erënners, also se ofruffe wëlls, hält däi Gehir d’Telefonsnummer vun denger Boma an all aner Telefonsnummeren zréck, déi s de eng Kéier auswenneg geléiert hues. Soss géif jo den totale Chaos an dengem Kapp ausbriechen an du kéints dech u guer näischt méi erënneren.

A wat geschitt mat de Gediechtnescontenuen, déi d’Gehir zréck hält?

Dës Inhalter gi geschwächt. Dat hu Fuerscher erausfonnt, andeems se Testpersoune gebieden hunn, eppes auswenneg ze leieren an dann dat Geléiert opzesoen. Dono konnten sech d’Probanten un ähnlech Gediechtnescontenuen net méi sou gutt erënneren. Hues de dech gëschter vill mat Zuele beschäftegt?

Ah..., ech hunn gëschter meng Steiererklärung gemaach.... Villäicht huet mäi Gehir dofir de Code ewech gedréckt. Mee wisou war en dann haut de Moien erëm do?

Dunn war däi Gehir erëm frësch a fräi vu Steierzuelen. No e puer Stonnen Denkpaus huet et de Code net méi blockéiert. Wéi vun Zauberhand konnts de dech erëm drun erënneren.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo : Shotshop

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

 

 

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Sendung ass vum 18.4.2018.

 

Erënnerung fërdert Vergiessen

 

Bei der ofrufffinduzéierter Hemmung war laang onkloer, ob d’Gehir déi erwënschte Gediechtnescontenue stäerkt oder ob et déi onerwënschte Contenue schwächt. Fuerscher vun der Uni Magdeburg a Regensburg hunn erausfonnt: déi onerwënschte Contenue gi geschwächt. Dat hunn d’Wëssenschaftler erkannt, andeems se Probande gefrot hunn, sech un ënnerdréckte Fakten aktiv ze erënneren (also d’Telefonsnummer vun der Boma, nodeems virdrun d’Telefonsnummer vun der Frëndin gefrot gouf). Bei der Reanimatioun vun dësem Gediechtnescontenu ware Gehirregiounen am Stir- a Schleefberäich besonnesch aktiv, déi schwaach Gediechtnescontenuen ofruffen an an d’Bewosstsinn bréngen.

 

D’Aarbecht vum Gehir siichtbar maachen

 

Wëssenschaftler kennen an d’Gehir erakucken, ouni de Kapp op maachen ze mussen. Dräi Technike sinn dofir besonnesch wichteg: PET, MRT a fMRT:

  • Beim PET, der Positronen-Emissiouns-Tomographie, sammelt sech en schwaach radioaktiivt Kontrastmëttel an de Gehirregiounen, déi besonnesch aktiv sinn. Wann et zerfält, ensti Liichtdeelercher, déi vun Detektore gemooss ginn. D‘PET mëscht also Gehiraktivitéit siichtbar.
  • Bei der Magnéit-Resonanz-Tomographie wierkt en extreemt staark Magnéitfeld op de Kapp. No him riichten sech d’Atomkäeren am Gehirtissu aus. Ännert sech d’Magnéitfeld, ginn d’Atomkäeren no – allerdéngs jee no Tissu ënnerschiddlech séier. Mat dem MRT léisst sech sou d’Struktur vum Gehir gutt duerstellen. Zum Beispill bei der Sich no Tumoren.
  • De fMRT moosst déi ënnerschiddlech Eegenschafte vu sauerstoffaarmem bezéiungsweis sauerstoffräichem Blutt. Ähnlech wéi d’PET mëscht et aktiv Gehirregioune siichtbar. Well jee méi aktiv, ëmsou méi sauerstoffräicht Blutt brauch den entspriechende Gehiroofschnëtt.

 

 

 

 

Auch interessant

Dissertation in drei Minuten Entzündung des Nervensystems: Parkinson-Forschung am Mini-Gehirn

Doktorandin Sònia Sabaté Soler arbeitet am LCSB an der Optimierung von 3D-Modellen des Mittelhirns und ist eine der Gewi...

Dissertation in drei Minuten Parkinson: mehr als nur eine Bewegungsstörung

Die Doktorandin Laure Pauly erforscht an der Uni Luxemburg das retrograde prozedurale Gedächtnis von Parkinson-Patienten...

Präklinische Modelle Personalisierte Krebsbehandlung mit Hilfe von Patienten-Avataren

Das LIH hat gemeinsam mit Forschungspartnern eine Sammlung patientenbasierter, präklinischer Hirntumormodelle angelegt, ...

LIH