© RTL & FNR

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Wéi gutt schützt eng Ritterrüstung aus dem Mëttelalter géint eng modern Waff? An ëmgedréint: wéi gutt schützt eng modern schosssécher West géint mëttelalterlech Waffen?

De Mr Science mécht den Test am Kader vum PISA-Spezial Mëttelalter: zesumme mat der Police Grand-Ducale kuckt hien den Impakt vu Schwäert, Feil an enger 9 mm Kugel bei 2 verschidde Ritterrüstungen an enger handelsüblecher schosssécher West. Gefilmt gouf dat Ganzt zousätzlech mat enger High-Speed Kamera, fir detailléiert Biller am Ralenti kënnen ze weisen. En Extrait aus dem PISA-Magazin, bei deem een och nach eppes iwwert d'Ausbildung vum Knappen zum Ritter gewuer gëtt.

Produktioun: RTL & FNR

Infobox

Pisa Wëssensmagazin

 

Den Pisa Wëssensmagazin kënnt all zweeten Sonnden ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg.