© shotshop.com

Hëlleft Liichttherapie bei saisonalen Depressiounen?

Medeziner experimentéiere scho méi laang mat Liicht a proposéieren a munche Fäll eng Liichttherapie géint saisonal Depressiounen, wéi se de Wanterblues nennen, wann en méi hefteg ass. 

Dofir huelen se awer keng Käerzen?

Nee, déi liichte vill ze schwaach. De Patient muss all Dag, am beschte Moies, virun enger spezieller, ganz heller Luucht setzen. Si ass 5 bis 20 mol méi hell wéi eng normal Zëmmerbeliichtung! De Patient soll dann och net direkt an d’Liicht kucken, mee ka während deem Kaffi drénken oder liesen. 

An dat funktionéiert?

Vill Medeziner a Patiente sinn dovun iwwerzeegt. D’Etüden dozou sinn allerdéngs onkloer. Soe mer mol sou: et schéngt a munche Fäll ze hëllefen. D’Liichttherapie ass awer net fir Leit geduecht, déi sech am Wanter nëmmen e bësse schlapp fillen. Se riicht sech un Patienten, déi all Wanter eng richteg Depressioun kréien an dann näischt méi gemaach kréien oder guer net méi aus dem Haus ginn.

A wéi soll Liicht d’Stëmmung beaflossen?

Wéi déi meeschte Liewewiesen hunn mir eng ënnerlech Auer, déi ongeféier am 24-Stonnen-Rhythmus vun engem Dag leeft. Se muss awer ëmmer erëm nei gestallt ginn, an dat geschitt virun allem duerch Liicht, dat op speziell Zellen am Ae fält, déi d’Liichtsignal un d’Gehir weiderleeden. Wa mer ze wéineg Dagesliicht ofkréien, leeft eis Auer bannendra falsch. Well dës och eisen Hormonhaushalt reegelt, geréit dësen duercherneen an d’Stëmmung fält.

Ginn et och aner Traitementer géint Wanterdepressiounen?

Wann ee wierklech schwéier betraff ass, verschreiwen Dokteren och Antidepressiva oder schloen eng Verhalenstherapie fir. Bei där léiert een ënner anerem, dass een och am Wanter reegelméisseg aus dem Haus goe soll. Well souguer während engem groe Wanterdag ass d’Liichtintensitéit dobaussen nach ëmmer vill méi staark wéi dobannen.

An frësch Loft schued och sécher net.

Dovu kann en ausgoen, awer dat muss och nach erfuerscht ginn. Dofir bleift Fuerschung jo ëmmer spannend.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo : Shotshop

Auch interessant

UV-empfindliche Perlenkette Wie gut schützt meine Sonnencreme?

Durchsichtige oder weiße UV-Perlen werden farbig, wenn Sonnenstrahlen auf sie fallen. So kannst Du deine (alte) Sonnencr...

FNR
Lichtstreuung Reproduziere die blaue Farbe des Himmels und einen Sonnenuntergang!

In diesem Experiment machen wir Sonnenuntergänge mit einer Taschenlampe, Wasser und etwas Milch nach!

FNR
Light Graffiti Male mit Licht!

Mache ein originelles Neujahrsfoto!

FNR