Pexels

Kueleseier-Blosen un der Wand vun der Béchs verursachen de Schaum.

Mr Science, wat méchs du wann dir eng Gedrénks-béchs erof fält déi s de just opmaache wollts? Klapps de dann och sou drop ronderëm, wéi een et oft gesäit an hëlleft dat wierklech géint d’Sprutz- a Schaumkatastroph?

Wann ee weess wéi ee klappe muss, hëlleft et effektiv géint d’Iwwerschaimen.

Ech hunn awer oft erlieft dass dat iwwerhaapt näischt bréngt!

Déi meeschte Leit klappen nëmmen uewen op den Deckel. Et muss een awer op der Säit klappen, an dobäi vun uewen no ënne goen an d’Bécks dréinen, sou dass een se ganz ofklappt. Dobäi léist sech an der Béchs d’Kuelesaier-blose vun der Wand. Déi sinn nämlech fir d’Iwwerschaime verantwortlech.

Wéi dat dann?

Ma duerch d’Rëselen oder Eroffale gëtt d’Gedrénks staark duerchernee gerëselt an et bilden sech Kuelesaier-Blosen. E puer dovu bleiwen un der Wand pechen. Wann een d’Béchs op mëscht, geet den Drock op e Coup erof, d’Blose gi méi grouss, rappen sech vun der Wand lass a stréimen alleguerten zesummen no uewen. Dobäi gëtt d’Flëssegkeet mat gerass, d’Gedrénks schaimt iwwer.

Wann een et packt, d’Blose virum opmaache lass ze klappen, gëtt een se zouzesoen op douce Manéier lass?

Genee, se sammelen sech uewen am Raum iwwert der Flëssegkeet a kennen dës beim Opmaachen net méi aus der Dous drécken.

Funktionéiert den Trick ëmmer?

Wann ee richteg klappt jo! (laacht) Nee ganz am Eescht, en funktionéiert erstaunlech gutt. Ech géing et trotzdem ëmmer dobausse maachen. An: Net mat Light-Gedrénks. Den Zockerersatzstoff verännert d’physikalesch Proprietéite vun der Flëssegkeet sou, dass sech d’Blosen net sou liicht vun der Wand léisen. Hei sollt een d’Béchs léiwer ewechstellen an sech eng nei huelen….

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Pexels

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Dese Baitrag goung den 18. Januar 2017 iwwert d'Antenne. 

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR