© Sophie Steinmetz

Kéinte "sëlwer" Strëmp d’Léisung sinn?

Munch Leit ploen domat hiert Ëmfeld: sténkeg Strëmp. Wéi kann d'Wëssenschaft hëllefen?

 

Lo mol ganz am Eescht: Fuerscher beschäftegen sech mat sténkege Strëmp?

Jo, an se hunn erausfonnt, wéi Foussgeroch entsteet. Et brauch een dofir véier Komponenten: Schweess, Hëtzt, al Hautschuppen a Bakterien.

Klengt no enger explosiver Mëschung...

De Gas deen haaptsächlech fir de Foussgeroch verantwortlech ass, ass tatsächlech liicht brennbar! Rondrëm d'Féiss entsteet e Gottseidank nëmmen a klenge Quantitéiten. Fir ze sténke geet et awer locker duer... d’Bakterien, déi de Gas produzéieren, si Famill mat deenen, déi och fir de Geroch vum Limburger Kéis verantwortlech sinn. 

Mat dem daitsche Begrëff "Käsefüße" läit een also richteg?

Wëssenschaftlech gesi jo. D'Bakterië fillen sech besonnesch wuel an engem fiichten a waarmen Ëmfeld. Da verdauen se eis al Hautschuppen a produzéieren de sténkege Gas.

An op wat fir ee Géigemëttel sinn d'Fuerscher komm?

Déi plausibelst Iddi ass, d'Strëmp mat Desinfektiounsmëttel ze traitéieren an sou d'Bakterien doud ze maachen. De Problem ass awer, dass vill Substanze fir de permanente Asaz gesondheetsschiedlech sinn oder ze schnell erausgewäsch sinn. Dofir sinn d’Textilfuerscher op d'Iddi komm, d'Strëmp mat klenge Selwerpartikelen ze beschichten oder reng Selwerfiedem mat an ze wiewen.

Wisou grad Sëlwer?

Selwer bréngt d'Bakterien em oder hemmt zumindest hire Wuesstem. Dofir gëtt et och zum Beispill medezinesch agesat. Vill Fuerscher fäerten awer, dass duerch en Asaz am grousse Stil, ëmmer méi Bakterië resitent géint Selwer ginn a roden dofir vum Asaz a Strëmp of.

Wat wier dann e bessere Wee?

Et kann een en Ëmfeld schafen, bei deem sech d'Bakterien net méi sou staark reproduzéieren. An dat geet am beschten, wann d'Féiss méiglecht dresche bleiwen. Dofir kleede Fuerscher Testtrëppeler mat Strëmp aus verschiddenen Textilzorten aus a loossen de Foussgeroch dono vu fräiwëllege Probante bewäerten.

Klengt no engem désagréabele Job...

Fir d’Testricher ze entlaaschten, entwéckele Fuerscher och elektronesch Nuesen. Mee nach kennen dës d'mënschlech Nues net komplett ersetzen. D’Resultat vun der Fuerschung si Strëmp aus kënschtlecher Faser, déi wéi d'Wick vun enger Käerz funktionnéieren an sou d’Fiichtegkeet oftransportéieren.

Ech hätt net gemengt, dass Wëssenschaftler sou vill Energie an de Kampf géint sténkeg Féiss stiechen!

Dofir bleift Wëssenschaft jo ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Sophie Steinmetz

 

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Dës Sendung koum den 30.06.2016 um Radio.