Sascha Kohlmann

Vun "noise-cancelling" bis hin zu Kopfhörer, déi nët iwwert d’Ouer funktionéieren

Kopfhörer gëtt et an alle Gréissten an Ausféierungen, an et ass een erstaunt wat een alles vum technesche Wonnerwierker fir d’Ouer mëttlerweil kritt. D’Kopfhörer spille jo scho laang net méi nëmme Musek mee si filteren ausserdeem d’Geräischer, déi eis Ouer soll héieren.

Jo genee, et ginn z.B. déi sougenannte „noise-cancelling“ Kopfhörer. Déi sinn technesch net nei, mee ganz interessant. Op denen ass baussen um Kopfhörer e Mikro drun fir d’Baussengeräischer opzehuelen, an dës ginn da bëssen zäitlech versat un de Kopfhörer weidergeleet.

Da kommen d’Geräischer jo awer zweemol un... wéi kann een sech dat virstellen datt doduerch d’Geräischer gefiltert ginn?

Majo de Schall dat si jo Wellen déi op an of ginn. An op eng Well kann een eng 2 Well drop leeën. A wann des genee openee leien, da ginn se duebel sou grouss an den Toun gëtt verstäerkt. Mee wann déi zwou Wellen awer entgéint gesat lafen da gëtt den Toun ausgeläscht. A genee dat maachen déi Kopfhörer. Dat ass zimlech impressionnant wann een emol sou een ophuet.

Jo ech hat där scho probéiert – am Zuch ass et dann op ee Schag sou roueg wéi hei am Studio

Jo déi déif monoton Geräischer gi méi effektiv ausgeläscht wéi déi hell. D’Kannerjäize kritt ee matt dëser Technik méi schwéier ewech, well dës hell Schallwellen ze séier op an of ginn.

Also léif Elteren: et ass keng Méiglechkeet fir är Kanner total auszeschalten. Mee Kopfhörer kennen och nach aner Saachen.

Jo et ginn och intelligent Kopfhörer, déi allméiglech Kierperfunktiounen iwwerpréiwe kënnen, wéi dat déi intelligent Aueren och kënnen.

OK, mee kënne Kopfhörer da schiedlech sinn?

Bon, do ass et wéi mat allem – ze vill an ze haart ass net gutt. A Frankräich gëtt et souguer e Gesetz wat seet, datt d’Lautstäerkt muss limitéiert sinn – ab engem gewëssene Pegel kann een ebe Schied um Trommelfell kréien – mee fir de normale Gebrauch gëtt et keng Bedenken. Mee déi eigentlech Gefor vum Kopfhörer entsteet éischter doduerch datt een am Verkéier nët méi vill matkritt. Do si schonn eng ganz Rei Accidenter dokumentéiert.

Mee d’Fuerscher hu bestëmmt och schonn do eng Léisung?

Jo et gëtt Kategorie vu Kopfhörer déi net an d’Ouer ginn, mee déi de Schall iwwer d’Schanke vum Kapp iwwerdroen.

Aha an dat geet?

Jo d’Idee dofir hat iwwregens e Lëtzebuerger Erfinder, den Hugo Gernsback, viru bal honnert Joer. An dës Technologie gouf z.B. virun e puer Joer an de Google glasses agesat.

A wéi funktionnéiert dat?

Wa mir schwätze vibréiert eise Kapp mat – dat mierkt ee gutt wann een eppes lues grommelt. An deen anere Wee geet dat dann och. De Kopfhörer iwwerdréit Vibratiounen un de Kapp, an da registréiert eist Bannenouer dat direkt. Et héiert een also eppes ouni d’Ouer bedeckt ze hunn.

Ganz spannend – dat muss ech emol probéieren.

Maach dat!

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo: Sascha Kohlmann