(c) Wikimedia Commons

All Dag ginn an Europa 120 Mio. Fixfeierkëschten produzéiert. An en Europäer verbraucht am Duerchschnëtt 1600 Fixspéin d’Joer! Mee wat stécht am Fixfeier alles u Fuerschung?

Et ass jo awer faszinant sou en Fixspoun! En klengen Bengel mat engem Kapp deen ënner Reiwung sou vill Energie fräisetzt dass Feier entsteet! D’Mënschen hu säit der Entdeckung vum Feier probéiert eng portabel, zouverlässeg Méiglechkeet ze fanne fir Feier ze maachen. Vill Wëssenschaftler, Chemiker a fréier Ingenieuren hunn sech heirun d’Zänn ausgebass. Bis em 1800, dunn huet e Fransous déi éischt “Tunk” Fixspéin op de Maart bruecht.

An wéi hunn déi funktionéiert ?

De Fixspoun wor aus Kaliumchlorat an Zocker. Fir en unzefänken huet ee missen eng Drëps Schwiefelsaier op de Fixspoun drëpse loossen. Dëse Fixspoun konnt réischt sou spéit erfonnt ginn, well de Kaliumchlorat réischt 1786 entdeckt ginn ass. An der Fuerschung baut ebe villes openeen op!

Ass Schwiefelsaier dann net geféierlech?

Dach! An dofir huet eng aner Form vum Fixspoun missen hier. 1826 huet den engleschen Apdikter John Walker den éischte klassesche Fixspoun erfonnt. Hien huet gemierkt dass sech eng Mëschung aus verschiddene Chemikalien duerch Reiwung un enger rauer Surface entzünt. Allerdéngs huet d’Flam onregelméisseg gebrannt an et huet gestonk. Mee no enger Zäit hu se erausfonnt, dass d’Flam méi reegelméisseg brennt, wann ee wäisse Phosphor bäimëscht. 

Dat heescht dëss Fixspéin konnt een mat allem unmaachen?

Jo! An dat war en Problem, elo war d’Fixfeier ze liicht entzündlech. Mee och hei huet e Chemiker 10 Joer drop eng Léisung fonnt, hien huet amplaz vum Kaliumchlorat, eng Gummiblaioxid Mëschung mam Phosphor vermëscht. Well de wäisse Phosphor awer gesondheetsschiedlechen ass, hunn en zwee schwedesch Chemiker, duerch Rouden ersat. Dofir gëtt Fixfeier haut och nach “Schweedefeier” genannt. Et huet dunn nach 4 Joer gedauert bis de Phosphor net méi am Kapp vum Fixspoun mee op d’Këscht gewandert ass.

Huet sech säit deem dann näischt méi um Fixfeier verännert ?

Net méi ganz vill. Am Zündkapp ass nach ëmmer bal déi selwecht Mëschung an d’Holz ass meeschtens mat Paraffin getränkt. Den eenzegen Ënnerscheed ass, dass een haut Fixfeier an all Gréisst, Faarf a Verpackung kritt.

Dann war awer vill Fuerschung néideg fir dass mir lo kennen sou einfach Feier maachen!

Jo, Fuerschung un Erfindunge brauch eben seng Zäit …

Auteur: Sophie Steinmetz
Editeur: Jospeh Rodesch (FNR)
Photo: Wikimedia Commons

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.