© Pexels

Deen heite kann een drénken, de Mini-Béier vun de Fuerscher (nach) net.

No der Arbescht drénken och Wëssenschaftler owes gär mol e Béier. Mee do ginn et der, déi sech deen aus anere Grënn méi genee ukucken, an déi versichen an deene klengste Gärfässer vun der Welt de Béier vun der Zukunft ze brauen.

Mr Science, wéi kann ech mer dat virstellen?

Streng geholl sinn et keng Fässer an deenen d’Fuerscher hier Tester maache, mee winzeg kleng Drëpsen, 2 Millioune mol méi kleng wéi eng Reendrëps!

Dat sinn also wierklech déi klengste Béiere vun der Welt...

Jo dat kann ee sou soen...

A firwat maachen d’Fuerscher dat?

Beim Brauen do gëtt jo Alkohol vu Béierhief produzéiert. An dat si winzeg kleng Mikroorganismen. An déi produzéieren awer och d’Aromastoffer déi charakteristesch fir d’Béierzort sinn. Am Weizen richt een zum Beispill Banann eraus. A fir elo nei Béierzorten ze kréien, kräizen d’Fuerscher verschidden Hiefvariante mateneen. A fir all d’Béieren duerchzetesten hunn d’Béierfuerscher Labosmaschinne entwéckelt mat deenen se hier Braukënscht wéi um Fléissband analyséiere kënnen, an deene klengsten Drëpsen. Hiert Resultat kënnen se natierlech net drénken!

Dat soll ee jo och net während der Aarbecht... Awer firwat maachen se sech déi Méi? Et gëtt dach scho genuch verschidde Béierzorten?

Jo mee de Geschmaach vun de Leit deen ännert sech ëmmer erëm. Hautdesdaags gëtt zB. Alkoholfräie Béier ëmmer méi populär. D’Béierbrauer hunn hei de Problem datt se d’Gärung ganz séier ofbrieche musse fir dat net ze vill Alkohol entsteet. Alkoholfräie Béier däerf héchstens 0.5 % Alkohol hunn. Bei anere Verfahren zéien se dem normale Béier nodréiglech den Alkohol eraus. Bei béide Methode geet awer sou muenches vum typesche Béiergeschmaach verluer.

Jo dat kenne mer...

Et wier natierlech elo e risege Virdeel wann een eng nei Hiefzort hätt, déi beim Béierbraue guer keen Alkohol produzéiert, mee trotzdem déi typesch Béieraromen. Awer d’Fuerscher ziichten och Béierhiefe mam Aroma vu Blummen, tropesche Friichten oder och Knätsch a Neellack.

.... dat stellen ech mer net sou lecker vir!

Hei ass d’Mëschung vun de verschiddenen Aromaen entscheedend, do kann och mol eng Grëtz Knätschgoût dran deen een dann net direkt erausschmaacht. D’Fuerscher ginn dovun aus datt d’Hiefe bis zu 500 verschidden Aromae produzéiere kënnen.

Ah da kënnen se nach vill Varianten duerchprobéieren.

Genee, an dofir bleift och d’Béierfuerschung spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur : Joseph Rodesch
Traducteur: Joseph Rodesch  
Photo: Pexels

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science