Shotshop

Bei enger uerdentlecher Vollbremsung quiitschen d’Pneuen an de Gummi dämpt. Sou kennt een dat aus Filmer. Mat Bremshëllefe wéi dem ABS ass dat mat modernen Autoe bal net méi méiglech.

Wisou gëtt dat duerch Antiblockéiersystemer verhënnert ?

Wann ee bremst an et fänkt un mat quiitschen, rullt de Pneu net méi, mee en rutscht iwwert de Macadam. Während där Zäit léist de Gripp no. Antiblockéiersystemer probéieren dofir, d’Rieder sou ofzebremsen, dass se bal net rutschen. Dann ass d’Bremswierkung am gréissten.

Wéi packen sou Bremshëllefen dat?

Un de Rieder si Sensoren an déi mellen: Opgepasst, mäin Rad dréint sech net méi! Da weess den Antiblockéiersystem: dëst Rad huet ugefaang mat rutschen. En reduzéiert ruckzuck d’Bremskraaft ganz e bëssen, d’Rad fänkt rëm un mat dréinen. Kuerz ier et rëm ufänkt mat rutschen, gräift d’Elektronik rëm an a sou weider.

Den ABS muss awer ganz schéi séier reagéieren!

Allerdéngs. Modern Systemer kréien dat em déi 15mol an der Sekonn hin. Bremshëllefe goufen iwwregens am Ufank guer net fir den Auto mee fir de Fliger entwéckelt. Si musse bei der Landung immens staark ofbremsen. Mechanesch Antiblockéiersystemer hunn de Pilote gehollef, net an d’Schleideren ze geroden. Wéi dunn den éischte Mikrochip dës Systemer stéiere konnt, goufen se an normal Autoen agebaut.

An et gett fläisseg un neie Fuerhëllefe gefuerscht?

Op alle Fall. Et ginn ëmmer méi Sensoren an Autoen agebaut. An déi erkennen zum Beispill och, dass een zwar no lenks steiert, mee ëmmer nach riicht aus fiert, well een un d’Rutsche komm ass. Dann steiert den Auto automatesch an déi gewënschte Richtung, andeems en d’Rieder ënnerschiddlech staark ofbremst oder an d’Steierung agräift. Dobäi muss d’Elektronik super séier all d’Informatiounen déi vun de Sensore kommen auswäerten an déi richteg Brems- a Steierbefehler erausginn. Fir dass d’Elektronik bei hire Berechnungen net duerchernee kennt, fuersche Mathematiker intensiv drun, dës Systemer ëmmer besser ze maachen. Si probéieren sou ze soen, aus laange Formele kuerzer ze maachen.

Also: Mathematik hëlleft eis beim Bremsen?

Jo. Géif een am éischten Ablack net mengen, oder? Awer genee dofir ass Fuerschung sou spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo: Shotshop

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch interessant

Akkubrand Wéi geféierlech ass eng Batterie?

Wann opgeluede Batterië schwéier beschiedegt gi kann et zu engem Brand kommen. Wat léist sou e Brand aus, a kënnen d‘Bat...

FNR , RTL
E-Motor Firwat brauchen elektresch Autoe keng Gangschaltung?

Mr. Science, stëmmt et, datt E-Autoen ouni Gangschaltung auskommen?

FNR
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR