Verschwanne Strëmp an der Wäschmaschinn?

20.01.16

FNRDiesen Artikel drucken

Gëtt et wierklech Wäschmaschinnen, déi Strëmp friessen? Oder wat geschitt mat de Strëmp, déi am Haushalt verschwannen?

Also ech hunn dee Phänomen och schonn oft bei mir doheem beobacht. mee sou grouss de Problem och ass  - et gëtt do awer net wierklech wëssenschaftlech Ënnersichungen dozou...An deene meeschte Fäll ass et esou, dass d’Strëmp de Wee guer net bis bei d’Wäschmaschinn fonnt hunn. War si trotzdem an der Wäschmaschinn, dann huet si sech wahrscheinlech an engem Diwwibezuch verstoppt well dat ass eppes ähnleches wéi eng Fëschfaal.

Ah sou?

Jo den Agang vun sou engem Bezuch ass jo meeschtens méi kleng, a wann do bis eng Strëmp de Wee ra fonnt huet fënnt se en nëmme schwiereg raus. Wann een also eng Strëmp verluer huet kann een an den Ecke vu Bettbezich sichen.

An du bass sécher datt d'Wäschmaschinn se net awer frësst?

Et gëtt anscheinend ganz seele Fäll, wou d’Wäschmaschinn an enger gewësser Weis tatsächlech Strëmp „frësst“: eenzel Strëmp kënnen sech an deem klenge Spléck tëschent der Gummisdichtung an der Trommel verfänken. A well d’Wäschmaschinn wieder dréit, an de Rescht vun der Wäsch dergéint dréckt, gëtt déi Strëmp lues a lues ëmmer méi wäit an dee Spléck gedréckt, bis se op eemol ënnert oder hannert der Trommel verschwënnt.

A kritt een déi dann do och erëm raus?

Wann d’Strëmp bis ganz hannert d’Trommel an de Bottech gerutscht ass gëtt et schwéier. Do misst een da schonn d’Trommel ausbauen an dat iwwerléisst een am beschten engem Expert. 
Ech perséinlech denke jo, dass et eng geheimnisvoll Plaatz an all Stot gëtt, wou lauter Saache verschwannen, just fir eis rosen ze maachen. Net just Strëmp, mee och och Ouerréng, Suen, Schrauwen, …

Auteuren: Michèle Weber & Joseph Rodesch (FNR)
Photo © shotshop.com

 

Auch in dieser Rubrik

Firwat soll ee beim Iessen net iwwer Politik schwätzen?

20.09.17 Enger aler Reegel no soll ee beim Iessen net iwwer Politik schwätzen. Gëtt et dofir e Grond? > Ganzen Artikel lesen

Wann d´Mier voller Plastik ass – land en dann och am Fësch op mengem Teller?

15.02.17 An de Mierer schwammen onmoosseg grouss Quantitéite Plastik ronderëm. Verschidden Mieresdéiere verschlécken dëse Plastik. Kéint en sou och mam Fësch op meng...> Ganzen Artikel lesen

Wat geschitt beim Impfen?

26.10.16 Scho mat e puer Woche kréie Puppelcher hier éischt Impfung – wat geschitt eigentlech dobäi am Kierper? > Ganzen Artikel lesen

D'Wëssenschaft vum Eelefmeter: Mat statisteschen Etuden déi bescht Taktik ermëttelen

04.07.16 De Fussballspiller leeft un, waard kuerz a schéisst...déiw an den Eck! Wier et besser héich ze schéissen? Net ze waarden? Domadder hu sech Wëssenschaftler b...> Ganzen Artikel lesen

Firwat richt ee Parfum no kuerzer Zäit net méi?

11.05.16 Heiansdo froen ech mech, firwat ech iwwerhaapt Parfum benotzen…no puer Minutten ass de Geroch souwisou fort. Verflitt de Parfum sou schnell? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 20/01/15 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu
 

Kënne verschwonne Strëmp an der Wäschmaschinn Problemer verursaachen?

Wat maache mat all deenen hannerbliwwenen eenzelne Strëmp?