Luxdoc

Donneschdes de 15. Oktober presentéiert LuxDoc a.s.b.l. hire véierte Science Slam um 7 Auer Owes am “Casino, forum d’art contemporain” an der Staat.

Science wat? Science Slam! D’Kandidate stellen hier Fuerschung op witzeg an ausgefalen Aart a Weis fir - an dat verständlech fir jiddereen.

All Artist huet 10 Minutten Zäit a keng Sekonn méi! D’Slammere kënnen d’Method fir hier Arabescht virzestelle fräi wielen. Sang, brëll, rapp oder danz – Maach alles wat néideg ass fir Wëssenschaft sexy an attraktiv ze maachen a gëff den ugesooteste Science Slam Wëssenschaftler! Op Englesch, Franséisch, Däitsch oder Lëtzebuergesch - alles ass erlaabt. A wanns de ouni Sprooch auskenns da kanns de dat natierlech och maachen!

Also, fir all Doktoranden a jonk ugehend Fuerscher déi a Verbindung mat Lëtzebuerg stinn: Paakt all äre Courage zesummen a kommt slamme – Mir wëllen IECH! Reservéier schnelle deng Plaatz an eiser Besetzung iwwer secretariat@luxdoc.org.

De Publikum brauch net ze reservéieren - den éischten ass fir.

Jiddereen deen also eng Erausfuerderung sicht – sief et als Kandidat, deen de Star vum Owend wëll ginn, oder als Nolauschterer, andeems de aus dem Staunen net méi erauskënns – soll dëse genialen Owend net verpassen! 

Infobox

Präis:

8 Euro

Fräi Entrée fir LuxDoc Memberen

Weider Informatiounen:

Auch interessant

Researchers at School 2024 Fuerscher ginn zréck an d'Schoul!

Bei der Aktioun "Researchers at School", déi vum 11. bis den 15. Mäerz 2024 stattfënnt, léiere Lycéesklasse Fuerscher a ...

FNR
Gesundheit Welche Auswirkung hat die Trennung der Eltern auf das Körpergewicht ihrer Kinder?

Forscher aus Luxemburg und London haben festgestellt: Nach einer Trennung der Eltern steigt der Body-Mass-Index (BMI) de...

EU-Austritt Großbritanniens Welche Folgen hat der Brexit für die Europäische Forschung?

In der EU zählt Großbritannien zu den wichtigsten Forschungspartnern. Entsprechend besorgt ist die Wissenschaft mit Blic...

FNR