Rechne Schüler d’nämlecht gutt op Däitsch wéi op Franséisch?

15.09.14

LEARN
University of Luxembourg
Diesen Artikel drucken

Besonnesch an engem villsproochege Land wéi Lëtzebuerg ass et wichteg ze verstoen, wéi d’Sprooch eis Rechefähegkeete beaflosst. LEARN erklärt!

Fir Zuelen ze verstoen an ze rechnen, gëtt et an eisem Gehir speziell Circuiten. Mä och d’Sprooch beaflosst d’Aart a Weis, wéi mir Zuele verschaffen a rechnen. Besonnesch an engem villsproochege Land wéi Lëtzebuerg ass et immens wichteg ze verstoen, wéi d’Sprooch eis Rechefähegkeete beaflosst. An enger Recherche mat Lycéesschüler an Universitéitsstudenten aus Lëtzebuerg hu mir dofir ënnersicht, wéi däitsch-franséisch bilingue jonk Leit Rechenaufgaben op Däitsch an op Franséisch léisen.

Dobäi huet sech kloer erausgestallt, dass d’Sprooch beaflosst, wéi séier a richteg ee Rechnungen (z.B. addéiere vun zweestellegen Zuelen) léise kann.

Vrun allem 7e-Schüler rechne méi séier op Däitsch

Wann déi bilingue Versuchspersounen d’Rechnung op Franséisch gesot kruten (an och op Franséisch geäntwert hunn) waren si e bësse méi lues an hunn och e bësse méi Feeler gemat, wéi wann alles op Däitsch gelaf ass. Besonnesch déi méi jonk Schüler vu 7e ware staark beaflosst vun der Sprooch. Mam Alter an den zousätzleche Schouljoeren ass d’Roll vun der Sprooch da manner wichteg gi fir d’Addéiere vun zweestellegen Zuelen, mä awer ni ganz verschwonn. Eis Recherche huet och gewisen, dass d’Schüler méi schnell op Franséisch konnte rechnen, wann si virdrun e Saz op Franséisch gelies haten. Am Däitschen hat de sproochleche Kontext awer kee positiven Effekt.

Franséische Sproochekontext hëlleft beim Rechnen op Franséisch

Dës Resultater hëllefen eis verstoen, wéi Recheprozesser oflafen. Fir de lëtzebuergesche villsproochege Kontext sinn se natierlech och immens wichteg, well si weisen, dass eis Rechefähegkeeten och vun der Sprooch beaflosst ginn an där mir rechnen. D’Resultater beweisen en plus ganz konkret, dass e franséische Sproochekontext beim Rechnen op Franséisch hëlleft. Dës Erkenntnis kéint virun allem an de Lycéeën ugewannt ginn, fir de Schüler aus den ënneschte Klassen ze hëllefen, d’Ëmstellung vun der däitscher op déi franséisch Mathé (am Lycée classique) ze meeschteren.

Auteuren: Sonja Ugen & Christine Schiltz
Photo © Joana Kruse/Shotshop.com

Auch in dieser Rubrik

Arbeitslosigkeit bei Hochschulabsolventen: Warum immer mehr Akademiker in Luxemburg auf Jobsuche sind

08.05.18 Innerhalb von zehn Jahren hat sich die Zahl arbeitsloser Hochschulabsolventen verdreifacht. Kommt Luxemburg seiner Bildungsexpansion nicht mehr hinterher? > Ganzen Artikel lesen

Schmerzforschung: Wer ist schmerzempfindlicher - Männer oder Frauen?

03.05.18 Es heißt oft, Männer könnten schon allein deshalb keine Kinder zur Welt bringen, weil sie dafür viel zu wehleidig seien. Doch stimmt das wirklich? > Ganzen Artikel lesen

Forschungstrends: Digitale Hermeneutik - Ein Update für das kritische Denken in den Geisteswissenschaften

27.04.18 Die grundlegende Methode, nach der Historiker arbeiten, ist etwa 150 Jahre alt: die Hermeneutik. Im digitalen Zeitalter wird sie der heutigen Arbeitsweise n...> Ganzen Artikel lesen

"LALA": Ein praktisch und wissenschaftlich erprobtes Leseförderprogramm für Vorschulen

10.04.18 Lernschwierigkeiten bei Kindern vorbeugen und ihnen so bessere Startchancen für die Schullaufbahn geben: Forscher der Universität Luxemburg haben ein wissen...> Ganzen Artikel lesen

Kollektivhaftung in der Wissenschaft: Wissenschaftliches Fehlverhalten schadet früheren Forschungspartnern

17.03.18 In der Vermittlung von Wissenschaft ist Vertrauen ein entscheidender Faktor. Das Fehlverhalten eines einzelnen kann den Ruf vieler Forscher zerstören. > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Wat ass LEARN?

LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.

Mir wäerten Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-Entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.

Zu den Auteuren

Matarbeschter

Waat ass EMACS ?

Fir weider Informatiounen