Phytomining: Mat Planze Metaller aus dem Buedem zéien

28.11.16

FNR
LNS
LIST
Diesen Artikel drucken

Kann ee mat Planzen och Gold gewannen. A wéi zéie Planze Metaller aus dem Buedem. De Mr Science ënnersicht Phytomining.

Fir dëse Reportage ass de Mr Science op engem ale Schlammtipp vun der Eisenindustrie ënnerwee. Buedemanalysen hu gewisen, datt de Buedem hei staark mat Schwéiermetaller verseucht ass. Well den Terrain awer scho laang brooch läit, hu sech Planzen ugesidelt déi ënnert dëse Konditioune wuesse kënnen. Mee kënne Metaller déi am Buedem sinn och an d’Planz eragoen, a kéint een d’Metaller dann duerno aus de Planzen isoléieren?

Recherchen hu gewisen, datt et Planze ginn, déi z.B. de Metall Nickel an engem héije Moos uräichere kënnen. D‘Nickelkonzentratiounen an dëse Planzen si souguer méi héich wéi am Buedem op deem se wuessen, wat et méiglech mécht d’Planzen als „Minnenaarbeschter“ anzesetzen.  Phytomining ass de Begrëff fir dës Zort vu Metallextraktioun.

Mir wollte erausfannen, ob Planzen um Schlammtipp dat och maache kënnen, a wéi dat geet. D’Analyse vun de Planze goufen am Staatslabo (LNS) gemaach, am Departement wou Liewensmëttel op Schwéiermetaller hin iwwerpréiwt ginn.

Am LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) interesséieren sech Fuerscher fir d‘Planzen déi Metaller uräicheren, mee dat nach aus engem anere Grond....

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL

Auch in dieser Rubrik

Beiewaben: Wéi a wisou baue Beie 6-eckeg?

11.06.17 Si Beie villäicht super intelligent Architekten? Oder ass dës Form en Zoufall? > Ganzen Artikel lesen

Mënschlech Fäkalien: E Cocktail vu Nährstoffer an Energie mat reellem Wäert?

03.07.16 Exkrementer d’Toilette erofspullen ass eng Verschwendung! Mr Science Experiment: Kann ee Sch.... zu Gold maachen? > Ganzen Artikel lesen

Rouse fierwen - E Vältesdag-experiment

12.02.16 Wann ee keng faarweg Blummen huet, da kann een se fierwen - nee besser - et léist een d'Blummen sech selwer fierwen. De Mr Science gëtt Explikatiounen am Bl...> Ganzen Artikel lesen

Muskelen – Wat ass e Muskelkater?

28.05.15 De Mr Science weist eis wei e Muskel opgebaut ass, wat geschitt wann ee méi staark gëtt a léiert den Europameeschter am Gewiichthiewe kennen. > Ganzen Artikel lesen

Héichleeschtungssportler vs. Net Sportler

18.05.15 Wéi grouss sinn d’Ënnerscheeder tëscht eis an engem Héichleeschtungssportler? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

RTL PISA - De Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin vum 27/11/16 produzéiert. D'Sendung kënnt emol de Mount Sonndes ab 18.30 op RTL Telé Lëtzebuerg.
Déi ganz Sendung fannt dir op pisa.rtl.lu.


Verwandte Themen