Peter Pleischl / pixelio.de

Planzen hunn all Merkmaler vun engem Liewewiesen

Fir mech ass et evident dass eng Kou oder e Schwäin Liewewiese sinn. Mee eng Planz, déi lieft och, oder net? Wat bedeit dat da fir d'Vegetarier?

E Liewewiesen ass eng Unitéit, déi e Stoffwiessel huet, an där hirem Kierper also chemesch Prozesser geschéien, déi wiisst, sech fortplanzt a weiderentwéckelt, déi sech aus eegener Kraaft bewege kann an op Ëmweltreizer reagéiert.

Hmm, wuessen a fortplanze kann d'Zalot sech op alle Fall... Waart - Planze maachen dach aus Kuelendioxid Sauerstoff, dat ass eng chemesch Reaktioun, oder?

Genau.

A Bewegung? Ech hunn nach keng Zalot lafe gesinn...

Nee, mee du weess awer bestëmmt, dass vill Planzen sech zur Luucht hin dréinen? Oder du kenns vläicht d'Venusfliegenfalle, eng Planz déi Insekte frësst? Si huet speziell Blieder, déi wann eng Méck sech drop sëtzt an Zäit vu Millisekonnen zesummeklappe fir se ze fänken! Planze kënnen deemno och op Ëmweltreizer reagéiere. Et ass ebe just oft eng Bewegung oder eng Reaktioun, déi sou lues ass, dass du se net gesäis.

Da bleift jo just nach d'Weiderentwécklung...

Aus engem Som entsteet e Keimling an doraus gëtt eng Planz mat Wuerzelen, Blieder a Bléien, déi rëm neie Som produzéiere kann. Dat ass Entwécklung - Planze sinn eendeiteg Liewewiesen.

Wat bedeit dat da lo fir e Vegetarier? Et gëtt dach vill Leit, déi kee Fleesch iessen ebe just, well se kee Liewewiese wëllen iessen...

Et gëtt vill verschidden an oft ganz valabel Grënn, firwat Mënsche wielen, kee Fleesch méi z'iessen, mee dat wier effektiv ee schlechte Grond fir Vegetarier ze ginn. Den "etheschen" Vegetarier geet et allerdings meeschtens net dorëm, kee Liewewiesen z'iessen, mee dorëm, dass kee Liewewiese fir si leide soll - a vu Planze gëtt ugeholl, dass si keng Péng spieren.

Autor: Liza Glesener
Foto: © Peter Pleischl / pixelio.de

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Wéi Planzen op hier Ëmwelt reagéieren, ass fir d'Wëssenschaftler net nëmmen en interessant Fuerschungsthema, mee huet fir d'Mënschen allgemeng och aus praktesche Grënn eng héich Relevanz. Schlussendlech ernähre mir eis jo zu engem groussen Deel vu Planzen. Och hei zu Lëtzebuerg gëtt Planzefuerschung bedriwwen. Um Luxembourg Institute of Science and Technology setzen d'Wëssenschaftler ee Schwéierpunkt op d'Landwirtschaft an de Wäibau. An deem Kontext gouf z.B. ënnersicht, wéi Alfalfa Planzen op Salz, Hëtzt oder Keelt reagéieren.

Auch interessant

Wissenschaftlicher Kenntnisstand Welche gesundheitlichen und sozialen Folgen hat der Freizeitkonsum von Cannabis?

Zusammenfassung der wissenschaftlichen Erkenntnisse über die Folgen von psychoaktivem Cannabis auf das körperliche, psyc...

FNR
Blumen-Experiment Verwandele weiße Tulpen in farbige!

Mit nur wenig Material, kannst Du in kurzer Zeit weiße Tulpen (oder andere Blumen) in farbige verwandeln.

FNR
Schädlinge Der Borkenkäfer: Vom Sekundärschädling zum Todfeind der Fichten

Von den rund 50 Borkenkäferarten in Luxemburg sind vor allem zwei der schädlichsten Vertreter aktiv: der Buchdrucker und...