(c) RTL, FNR

Mr Science mat enger Schoulklass op der Sich no Reewierm

Reewierm fënnt een a quasi all Buedem, a si maachen hei déi wichteg Aarbecht fir de Buedem ëmzegruewen an opzelackeren. Si zéien doudeg organesch Matière wéi Blieder, Stéi a soss Planzereschter an hir Tunnellen, a verwandelen dës mat Hëllef vu Bakterien an Dünger, deen d’Planze brauche fir ze wuessen.

Fir dës Aarbecht effektiv ze maachen, brauch een natierlech vill Wierm, an dacks gëtt behaapt, datt et sou enorm vill Wierm sinn, datt méi eng grouss Mass Reewierm ënnert dem Buedem si wéi Kéi op der Wiss.

Dës Behaaptung iwwerpréift de Mr Science mat enger Schoulklass vu Lenneng.

De Plou kënnt aus der Moud

Op engem Feld, wat reegelméisseg ëmgegruewe gëtt, fënnt ee vill manner Reewierm. D’Plouen zerstéiert de ganze Liewensraum vum Reewuerm a villen anere Liewewiesen, well d’Ökosystem vum Buedem komplett zerstéiert gëtt. Vill Reewierm, déi beim Plouen nach net zerschnidde gi sinn, verbrennen an der Sonn oder gi vu Vulle gefriess.

Verschidde Bauere schaffen awer mëttlerweil „Pfuglos“. Si krazen de Buedem just nach iwwerflächlech op, an erhalen esou de Reewierm hire Liewensraum an eng Buedemökologie déi immens virdeelhaft ass fir den Ubau vu Planzen. Et ginn awer nach aner wichteg Virdeeler fir de Reewuerm fir sech schaffen ze loossen:

• De Bauer brauch virum séinen nëmmen ee mol iwwer d’Feld ze fueren, fir de Buedem op ze krazen. E kann ausserdeem méi séier fueren, a brauch dobäi manner Zäit a manner Mazout.
• De Reewuerm duerchlächert de Buedem, wouduerch d’Reewaasser besser anzéie kann. De Buedem bleift awer fest a gëtt net méi fortgeschwemmt. (manner Erosioun)
• Well d’Planzereschter vum Reewuerm lues zersat gi kritt d’Planz iwwer laang Zäit Dünger .

Allerdéngs kritt de Bauer, ouni d’Plouen, d’Onkraut net sou gutt an de Grëff: D’Somkären déi um Feld leie ginn net méi ëmgegruewen. An der Biolandwirtschaft, wou een net sprëtzen däerf, ass dat e Problem, an hei muss Onkraut oft per Hand gerappt ginn oder duerch reegelméisseg mechanesch Beaarbechtung vum Feld, virum séinen, kleng gehale ginn. An der konventioneller Landwirtschaft ginn Herbiziden (Onkrautvernichtungsmëttel) agesat fir dem Onkraut entgéint ze wierken. D’Herbiziden wéi Glyphosat sinn awer staark kontestéiert, well dës sech an der Natur nëmme lues zersetzen, an an d’Grondwaasser komme kënnen, an domat an eisen Drénkwaassercircuit.

Stëmmt de Mythos, oder net?

D’Mass vu Reewierm op enger Wiss oder um Feld hänkt vu ville Faktoren of. D’Reewierm musse genuch organesch Matière fanne fir ëmzegruewen, an de Bauer muss awer och sou vill wéi méiglech op Sprëtzmëttel an op Konschtdünger verzichten. Dem Reewuerm seng Haut ass duerchlässeg fir all méiglech Substanzen. Ëmweltgëfter kommen also séier a säin Organismus a kënnen him schueden. De Konschtdünger mécht dem Reewuerm seng Aarbecht iwwerflësseg, well hien dee Moment näischt méi ze schaffen huet, wouduerch hie verschwënnt.

Eng Kouwiss, déi net gesprëtzt gëtt, ass en ideaalt Ëmfeld fir vill Reewierm. Aus Sécherheetsgrënn hu d’Schüler, déi dem Mr Science gehollef hunn, hir Prouwen awer an enger Wiss geholl, déi just un eng Kouwiss grenzt, awer net vum Mëscht vun de Kéi gedüngt gëtt. Dëst ass héchstwahrscheinlech den Haaptgrond firwat sie am Test e gutt Stéck manner Reewierm fonnt hunn wéi erwaart. Ausserdeem ass de System fir Reewierm mat Moschterléisung aus dem Buedem ze zéie manner performant wéi aner, mëttlerweil verbuede Praktiken, déi mat Stroum oder Formaldehyd-Léisung gemaach goufen.

Experiment: Reewierm am eegene Vermarium beobachten

Fir live ze gesi wéi Reewierm schaffen, kann een sech e Vermarium bauen (z.b. aus zwou Billerrummen, déi een zesumme pecht). Dëst ass eppes wéi e ganz schmuelen Aquarium deen ee mat ënnerschiddleche Schichte Buedem a Sand fëllt. Dës Schichte gi gutt ugefiicht a da kënne Reewierm aus dem Gaart dragesat ginn. Uewendrop kann ee Stréi oder Hee leeën, dat hunn d’Reewierm besonnesch gär. Dat ganzt muss donkel gehale ginn, z.B. andeem een e schwaarzt Duch driwwer leed. Schonn no e puer Deeg gesäit een eng helle Wull un Tunnellen, déi d’Reewierm gebuert hunn, an och hir Oflagerungen.

Léierpersonal kënnen dës Vermarien fir edukativ Zwecker am SciTeach Center (Resource Center) op der Uni um Belval gratis ausléinen.

Auteur : Joseph Rodesch
Produktioun : RTL
Merci : Prof. Dr. Christoph Emmerling, Nora Kneip

Auch interessant

Klimawandel Wat mécht den CO2 op eiser Äerd?

Klimakiller an CO2-Steier - iwwer den CO2 gëtt vill geschwat. De Mr Science erkläert firwat e Gas, deen nëmme knapp 0.04...

FNR , RTL
Stroossebau Gëtt et de perfekte Stroossebelag ?

Grëffeg, resistent a roueg … Dëst sinn nëmme e puer vun den Eegenschaften déi e Stroossenbelag muss hunn. De Mr Science ...

FNR , RTL
Pisa Studie 2018 Das schiefe Bild von Pisa zurechtgerückt

In der Vergangenheit hat das schlechte Abschneiden bei der internationalen Vergleichsstudie in Luxemburg meist zunächst ...