Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles

Bass du am Lycée a fënns Biologie spannend? Dann ass déi 1. Lëtzebuerger Biologiesolympiad eppes fir dech. Notz deng Chance 2015 an Dänemark ze fueren!

D’a.s.b.l. Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles organiséiert 2015 déi éischt Lëtzebuerger Biologiesolympiad. Dëse wëssenschaftleche Concours beschäftegt sech mat de verschiddenen Domäne vun der Biologie a riicht sech virun allem un d’Schüler vun de Klassen 2eC an 1eC.

Déi 4 Gewënner vun der Lëtzebuerger Biologiesolympiad ginn als Vertrieder vun eisem Land am Juli 2015 op d’International Biology Olympiad (IBO) op Aarhus an Dänemark geschéckt. All Finalist vun der Lëtzebuerger Olympiad kritt bei der Präisiwwerreechung e wäertvolle Saachpräis.

Aschreiwungen bis de 15. Dezember 2014

Aschreiwunge si bis de 15. Dezember 2014 iwwert de Site www.ibolux.lu méiglech. Eenzege Critère : Et muss een nom 30ten Juni 1995 gebuer sinn

3 Ronnen mat theoretesche Froen a prakteschen Aufgaben

D’Lëtzebuerger Biologiesolympiad gëtt an 3 Ronnen ausgedroen, d’Froen respektiv d’Aufgabe sinn op franséisch.

  • D’Qualifikatiounsronn gëtt de 7ten Januar 2015 an all de Lycéeë wou Schüler ugemellt sinn duerch gefouert. Während 2 Stonne si 50 Multiple-Choice-Froen aus folgenden Domänen ze beäntweren : Anatomie, Physiologie, Cytologie, Reproductioun vun den Organismen, Genetik an Biotechnologie.
  • D’Halleffinale ass den 11ten Februar 2015 am Athénée de Luxembourg. Do ginn da méi verdéift Kenntnisser gefrot a Kenntnisser mussen ugewannt ginn.
  • D’Finale ass den 9te Mee 2015 op der Uni Lëtzebuerg. D’Finale besteet aus enger Mëschung vun theoreteschen an prakteschen Aufgaben, deemno eng Simulatioun vum Alldag vun engem Fuerscher an der Biologie. D’Material, eng Beschreiwung vum Versuch an den Technike stinn dem Schüler zur Verfügung.

4 Gewënner fueren op IBO an Dänemark

Déi 4 Gewënner no der Finale wäerte Lëtzebuerg vum 12ten bis den 19ten Juli 2015 bei der IBO zu Aarhus an Dänemark representéieren. Déi 4 Schüler kréien am Virfeld eng Formatioun op der Uni Lëtzebuerg
Detailer zum Concours sinn op www.ibolux.lu ze fannen oder op der Facebooksäit : https://www.facebook.com/luxbio.
Fir all weider Informatioune kënnt dir iech un info@ibolux.lu wenden.

Auteur: Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles a.s.b.l.
Photo © Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles a.s.b.l.

Infobox

Dein Projekt online!

Du hast ein wissenschaftliches Projekt gemacht und willst es mit der Welt teilen? Dann veröffentliche dein Projekt auf Science. Egal ob naturkundliche Entdeckungsreise oder Experiment! Mehr Infos hier: https://science.lu/de/content/projekt-ver%C3%B6ffentlichen   

Auch interessant

Wie Wissenschaft funktioniert Was weiß die Wissenschaft? Wissenschaftliche Evidenz in Pandemie-Zeiten

Masken, Übertragung, AstraZeneca-Empfehlungen: Wissenschaftliche Evidenz kristallisiert sich meistens aus einem kontinui...

Porträt „Eine Errungenschaft für Luxemburg und unsere Forschungsgruppe“

Wissenschaftler des Luxembourg Institute of Health (LIH) wurden mit einem Prix Galien für ihren herausragenden Beitrag z...

LIH
Kribbeln im Fuß Wie können Füße einschlafen?

Mein Fuß ist eingeschlafen. Die Hand kribbelt beim Aufwachen. Was ist da los ?

FNR