© shotshop.com

Liicht, wat an eng Këscht erakënnt, gëtt vun der Këscht opgeholl, absorbéiert.

Mr Science, e Nolauschterer huet mer do eng zimlech abstrus Fro gestallt. Ass et méiglech Liicht an enger Këscht anzefänken?

Haha d’Schildbierger hunn dat mol gemaach. Ech soen der direkt: Dat geet leider net!

Wann eng Këscht op ass, kënnt jo Liicht eran. Wann ech se lo séier zoumaachen, ass d’Liicht jo dobannen!

Liicht, wat an eng Këscht erakënnt, gëtt vun der Këscht opgeholl, absorbéiert.

A wann d’Këscht aus lauter Spigelen besteet?

Och e Spigel ass leider net perfekt. Hien hëlt ëmmer en Deel vun dem Liicht op, spigelt also net alles zréck.

Mä bis en alles opgeholl huet, dat dauert jo. Esou laang ass jo dann Liicht an der Këscht agefaang.

D’Liicht geet jo immens séier virun. An enger Këscht vun engem Meter Längt géif d’Liicht 300 Millioune Mol an enger Sekonn hin an hir gespigelt ginn. All Kéiers ginn ongeféier 5% opgeholl. Do bleift no e puer Kéieren schonn näischt méi Rescht.

Ok. Mä beim haitege Stand vun der Wëssenschaft misst et dach iergendwéi méiglech sinn, Liicht an enger Këscht ze stockéieren!

Du gleefs et net, mä d’Këscht selwer besteet aus Liicht, dat viru laanger Zäit agefaang ginn ass!

Wisou?

D’Holz, vun der Këscht kënnt jo vun engem Bam hir. An deen huet d’Liicht mat Hëllef vu senge grénge Blieder opgeholl an des Energie am Stamm stockéiert. A wann s de d’Këscht verbrenns, kriss de erëm e bëssi Liicht zréck.

Dat ass ower net dat selwecht Liicht, wéi dat wat de Bam Joer virdrun opgeholl huet.

Richteg. En anert Beispill, wou Liicht awer kuerzzäiteg opgeholl gëtt sinn déi Stären, déi kléng Kanner heiansdo an hirem Zëmmer hänken hunn, an déi nach eng Zäitchen liichten, nodeems d’Luucht schonn aus ass.

Ajo déi späicheren Liicht.

Jo awer si senden et an de nächsten Minutten erëm aus. Dat nennt ee Phosphoreszenz! Mä, „ausgesend“ heescht „d’Liicht ass fort“. D’Liicht léisst jo nu mol net aspären.

Auteur:  André Mousset (Physiker)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © Shotshop

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 27.04.2016 opgeholl.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Am LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) gëtt no Nano-Materialien a Composite-Materialien mat ënnerschiddlechsten Eegenschaften gefuerscht, ënner Anerem wat d'Interaktioun mat Liicht betrëfft. Uwendung sollen d'Materialien an de Beräicher Raumfuerschung an Aeronautic, Medezin, Sensortechnik, High-Tech-Ekipementer fannen. Weider Informatiounen op der Internetsait vum LIST

 

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR