shotshop.com

D’Loft, déi laangscht den Auto stréimt, vibréiert, an dat ergëtt en Toun.

D’Lescht, wéi et esou waarm wor, ass meng Klimatisatioun am Auto net richteg gaang, an ech wollt d’Fënster opmaachen, fir e bëssen ze killen. Mä et ass därmoossen e Geknupps ginn, datt ech d’Fënster erëm séier zou gemaach hunn. Wouhier kënnt dat Geknupps eigentlech hier?

Wëll den Auto fiert, stréimt d’Loft jo laanscht den Auto, also laanscht déi oppe Fënster. An dobäi geschitt Ähnleches, wéi wann een iwwert eng Fläsch bléist. D‘Loft vibréiert, an et héiert een en Toun!

Wisou kënnt dann d’Loft un d’vibréieren?

Hei spillt de Loftdrock eng Roll: Deen ass nämlech méi kleng, do wou d’Loft séier stréimt, a méi grouss, do wou d’Loft roueg ass. Beim oppene Fënster am Auto hu mer Loft nach bannen am Auto, déi net a Bewegung ass, ganz no nieft Loft, déi laanscht d’Fënster stréimt, déi also ganz séier a Bewegung ass.

Mir hunn also en Drockënnerscheed tëscht bannen a baussen?

Genau. An da kënnt nach derbäi, datt déi zwou Loftschichte jo laanschtenee reiwen. Déi eng zitt also Loft vun der anerer mat. Mol geet e bësse Loft zur Fënster eran, mol geet der e bëssen eraus. An anere Wierder: D’Loft vibréiert.

Dat heescht, den Auto gëtt eng riseg Fläsch, déi en Toun produzéiert?

Net grad! Mir héiere jo kee propperen Toun, mä éischter Geknupps. Déi Vibratiounen si –leider- ganz chaotesch.

Schued, ech hat elo schonn un eng riseg Pan-Flütt geduecht, a wollt mam Auto Musik maachen.

Dat géif ech der souwisou net empfeelen! Pass léiwer op d’Strooss op wanns de Auto fiers.

Auteur: André Mousset
Photo 
© Shotshop

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Dës Fro gouf den 16/09/2015 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Auch interessant

Akkubrand Wéi geféierlech ass eng Batterie?

Wann opgeluede Batterië schwéier beschiedegt gi kann et zu engem Brand kommen. Wat léist sou e Brand aus, a kënnen d‘Bat...

FNR , RTL
E-Motor Firwat brauchen elektresch Autoe keng Gangschaltung?

Mr. Science, stëmmt et, datt E-Autoen ouni Gangschaltung auskommen?

FNR
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...