Dee Kick deen ee vun Energy Drinks wéi Red Bull kritt ass jo zemools bei deene Jonken extrem populär. Mee vu wou kennt dee Kick?

Dat ass nach bëssen e Geheimnis! Déi eenzel Inhaltstoffer hunn näämlech keng esou eng krass Wierkung wéi den Energy Drink. D’Fuerscher mengen dofir dass et entweder an der Mëschung läit oder dass et einfach nëmmen e Placebo-Effekt ass.

Wat sinn dann déi Zauberzutaten?

De genauen Inhalt hänkt natierlech vun der Mark of, mee se enthalen all extrem vill Zocker, Kaffein an Taurin. D’Wierkung vum Koffein kenne mer all ... wee gräift net moies no enger gudder Taass Kaffi fir z’erwächen an op Tueren ze kommen? D’Wierkung vun Taurin ass manner bekannt, mee anscheinend verstäerkt en d’Wierkung vum Koffein!

Ech hat gemengt vum Taurin giff ee staark gi wéi e Stéier!

Net wierklech, nee. Taurin ass als éischt beim Stéier entdeckt ginn an huet dofir den Numm. Mee de Mënsch huet och natierlechen Taurin am Kierper. Verschidde Studie weisen zwar drop hin dass ee vum Taurin méi Muskelausdauer kritt, mee dat ass awer staark ëmstridden.

Dajee alt, dann eben net staark wéi e Stéier. Mee et ass een awer cool wann een dat drénkt! Zemools wann een et mat Alkohol vermëscht!

Mam Cool-sinn huet et sech awer net fir laang! Taurin reagéiert nämlech och mat Alkohol a verstäerkt seng Wierkung, grad esou wéi beim Koffein. Verschidde Studie weisen dass een den Alkohol selwer manner spiert an d’Tendenz huet fir seng Fuerkonschten ze iwwerschätzt.

Wow, et muss een also oppassen! Schnell nach no der Party eng Red Bull géint d’Middegkeet eran ze kippen ier ee sech hannert d’Stéier setzt ass also keng sou eng gutt Iddi!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Dës Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

A Frankräich war Red Bull während Jore verbueden

A Frankräich sinn eng Rei Studien ausgefouert ginn ier Red Bull op de Maart sollt kommen.  D’Resultat: d’Raten déi Red Bull ze drénke kruten hunn ugefaang hier Patte rof ze knabberen! Herzrhythmusstéierungen, extrem Nervositéit an Hyperaktivitéit sinn och bei de Mënsche festgestallt ginn an hunn de Gesondheetsministère derzou bruecht fir Red Bull a Frankräich ze verbidden an op d’Lëscht vun den Dopingmëttel ze setzen.

Et huet sech erausgestallt dass et haaptsächlech den Taurin ass deen des Symptomer verursaacht. Schonn am Vietnamkrich hunn d’amerikanesch Zaldoten Taurin kritt fir trotz extremem Schlofmangel  fit ze sinn a sech besser kennen ze konzentréieren.  D’Symptomer waren déi selwecht wéi an der franséischer Studie an hunn an dësem Fall deem engen oder aneren esou guer d’Liewe kascht.

2008 huet Red Bull d’Erlaabnis kritt och a Frankräich vermaarkt ze ginn, mee mat manner Koffein (nëmmen nach dat duebelt vun der Cola). A si mussen op all Béchs op déi enorm Niewewierkungen, zemools bei Jonken a schwangere Fraen, hiweisen.

Taurin beim Mënsch

Wéi sou oft kennt et beim Taurin op d’Quantitéit un. De Mënsch brauch Taurin fir säin Nervesystem a säin Häerz um Lafen ze halen. Et fënnt een es esou guer an der Mammemëllech, wat drop hiweist dass en eng wichteg Roll an der Entwécklung vun dësen Organer spillt. Mee et huet ee séier eng Iwwerdosis, an da bekennt Taurin engem guer net méi gutt!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

En Netz vu Kliniken an Amerika, der Mayo Clinic, beschäftege sech mat dëse Froen iwwer Gesondheet an Ernährung an deelen hier Erkenntnisser mat Jänni a Männi. Op hirem Website beäntwere Fuerscher Froen an erklären hier Fuerschungsresultater esou dass jiddereen se versteet a vum Fortschrëtt an der Fuerschung ka profitéieren.

Mat allem wat mer an der Presse liesen an héieren ass et dack schwéier fir sech seng eege Meenung ze bilden. Duerch gezielte Marketing gi mer staark beaflosst, zëmools am Beräich vu Gesondheet a Lifestyle. Ass Schockela wierklech gesond? Wat ass d’Geheimnis vun den Omega-6 Séieren? Wéivill Waasser soll een drénken? Huet en Energy Drink wierklech eng Wierkung?

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Och zu Lëtzebuerg beschäftegen d’Fuerscher sech mat der Fro wéi eise Liewensstil eis Ernährung a Gesondheet beaflosst. Dofir hun sech déi verschidde Fuerschungsinstituter, d’Uni Lëtzebuerg an eng ganz Rei Firmen als „Luxembourg BioHealth Cluster“ zesummegedoe fir déi verschidden Aspekter vu Liewensmëttelsécherheet, Ernährung, a verschidde Krankheeten déi domat zesummenhänken, ze erfuerschen.