(C) Shutterstock

An der Panz vun enger Kou si Milliarde vu Mikroorganismen domat beschäftegt d’Zellulos, den Haaptbestanddeel vun enger Planz, an Zocker ëmzewandelen. Ouni dës Mikroorganisme kéint eng Kou, wéi all aner Wiederkäuer och, d’Planzen net verdauen a géif mat vollem Mo erhéngeren.  

Bei der Verdauung produzéieren dës Mikroorganismen verschidde Gaser, déi d’Kou duerch Repsen a Fuerzen ausstéisst. Insgesamt sinn et 900 Liter Gas[1], a d’Halschent dovunner ass Methan[2] – e sougenannten Treibhausgas.

Treibhausgaser an Äerderwiermung

Treibhausgaser wéi Methan, Fluorchlorkuelewaasserstoffer (FCKW) oder Kuelendioxid (CO2) halen d’Wäermestralung, déi vun der Äerduewerfläch Richtung Weltall geschéckt gëtt, an der Atmosphär gefaangen.

Zanter der Industrialiséierung sinn d’Konzentratioune vun dësen Treibhausgasen an der Äerdatmosphär rapid an d’Luucht gaangen. Gläichzäiteg ass d’Temperatur säit dem Enn vum 19ten Joerhonnert weltwäit an der Moyenne ëm 0,85 °C geklommen[3].

Wëssenschaftler gesinn hei en Zesummenhang.

A wat huet eis Kou elo mat der  Äerderwiermung ze dinn?

Aktuell gi weltwäit bal 1,5 Milliarde Kéi fir d’Fleesch- an d’Mëllechproduktioun gehalen[4]. Wann also all Kou 450 Liter Methan pro Dag ausstéisst (50% vun 900 Liter), sinn dat 675 Milliarde Liter Gas. Domadder kéint een all Dag ronn 337 Zeppeline fëllen[5].

D’Kéi sinn awer net eleng responsabel fir d’Methan-Uräicherung an der Atmosphär. Methan entsteet iwwerall do, wou sougenannte methanogen Mikroorganismen um Wierk sinn. Dës Mikroorganismen “otmen” kee Sauerstoff (O2) mee Kuelendioxid (CO2) a Waasserstoff (H2). Ënner Ausschloss vu Loft, och anaerobë Verhältnisser genannt, zersetzen si esou organesch Matière a produzéieren heibäi Methan (CH4). Dëst geschitt zum Beispill op engem Dreckstipp, an engem Mouer, an den iwwerschwemmte Räisfelder, asw...

Am grousse Ganzen ass 50-60% vum ausgestoussene Methan op Aktivitéite vum Mënsch zeréckzeféieren, an hei iwwerhuelen eis Wiederkäuer de gréissten Undeel[6].

Science Club News Quiz fir Jonker vun 11 bis 18 Joer

Du hues tëschtent 11 an 18 Joer? Da maach mat beim Science Club News Quiz a beäntwert d'Fro: Firwat ass de Fuerz an de Repsert vun de Kéi eng reell Gefor fir d‘Mënschheet ?

Äntwerten

A)     De produzéierte Gas zerstéiert d’Ozon-Schicht déi d’Mënsche virun de kriibserregenden UV-Strahle schützt.

Falsch: D’Ozon-Schicht gëtt vun de sougenannten FCKWs (Fluorchlorkohlenwasserstoffer) zerstéiert. Des befanne sech z.B. a Spraydousen oder alen Frigoen.

B)     De produzéierte Methan-Gas dréit zur Äerderwiermung bäi.

Richteg Änwert: Géif een der Kou ee méi energieräicht Fudder ginn, géif si manner Methan produzéieren. Eng aner Méiglechkeet wär et dem Mënsch saï Fleeschkonsum erofzeschrauwen.

C)      De produzéierte Gas ass héich explosiv.

Falsch: 2014 huet zwar e Stall an Däitschland ugefangen mat brennen, wéi dee vu 90 Kéi produzéierte Methan sech duerch een elektresche Kuerzschluss entzünd huet[7], mee dëst ass éischter eng Ausnahm. Methan kann zwar ënner gewësse Konditiounen a Verbindung mat Loft explosiv Mëschungen bilden, mee am Normalfall gëtt den ausgestoussene Methan direkt mat der Loft verdënnt, sou dass d’Explosiounsgefor kleng ass. A souguer wann et zu enger Explosioun kënnt ass d’Endzündbarkeet vum Methan eng lokal a keng global Gefor: eng Explosioun kann eenzel Leit betreffen, awer net d'ganz Menschheet.

Auteur: Michelle Schaltz (Science Club, MNHN)
Photo: Shutterstock

 

Quellen

[1] Pansensymbiose (2001). Kompaktlexikon der Biologie, Spektrum Akademischer Verlag.

[2] Kamp den Rülpsern (2007). Spiegel Online. 

[3] Kernbotschaften des Fünften Sachstandsberichts des IPCC. Klimaänderung 2013: Naturwissenschaftliche Grundlagen (Teilbericht 1)

[4] Number of cattle worldwide from 1990 to 2013. Statista (2016) www.statista.com 

[5] Zeppelin - Luftschiffe der neuen Generation. Spektrum der Wissenschaft 1 / 1997, Seite 14

[6] Wiki Bildungsserver: Klimawandel http://wiki.bildungsserver.de/klimawandel

[7] Allemagne: des vaches font exploser leur étable en pétant. Par LEXPRESS.fr avec AFP , publié le 28/01/2014 

Infobox

Methan an CO2

 

D’Methan-Konzentratioun ass zwar vill méi niddereg wéi déi vum CO2 (399,5 ppm vs. 1.8 ppm), mee vu que, dass de Methan beim Afänke vun der thermescher Strahlung 25-Mol méi effektiv wéi den CO2 ass, ass et dat zweet-wichtegst Treibhausgas.

 

Véihaltung an CO2

 

Ausserdeem dréit d’Véihaltung och indirekt, duerch CO2 Ausstoussen, zum Klimawandel béi. Den CO2 gëtt fräigesat wa Reebëscher fir de Neigewënn vu Weedeflächen an Akerfläche fir d’Fuddermëttelproduktioun ofgeholzt ginn, bei der Produktioun vun Düngemëttel a Pestiziden fir d’Fudderplanzen, beim Transport vum Fudder an dem Endprodukt, asw... 

 

 

Auch interessant

Autotomie a Regeneratioun Firwat werfe munch Déiere Kierperdeeler of?

Firwat kënne munch Déiere Kierperdeeler ofwerfen an dann nees nowuesse loossen?

FNR
Gesondheetsschutz Wéi geféierlech sinn Zecken?

Zecken iwwerdroe Krankheeten. Mee: Et kann ee sech mat einfache Mëttele géint Zeckestéch schützen. Och d'Fuerschung entw...

FNR
Neuer immuntherapeutischer Ansatz Katzenallergien: Hohe Dosen eines Hilfsstoffs erhöhen die Immuntoleranz und lindern Allergiesymptome

Forscher des LIH verfolgen bei der Behandlung schwerer Katzenallergien einen neuen Therapieansatz, mit dem die wesentlic...

LIH

Auch in dieser Rubrik

Science Check Was sind die Vor- und Nachteile der Sommerzeit?

Zweimal im Jahr die Zeit umzustellen, soll (anscheinend?) Energie sparen, aber negative Auswirkungen auf die Gesundheit haben. Was die Wissenschaft dazu sagt.

FNR
Künstliche Intelligenz Der EU AI Act: Motor oder Bremse für Forschung und Innovation?

Das erste Gesetz weltweit zur Regulierung Künstlicher Intelligenz ist gestimmt: der EU AI Act der Europäischen Union. Drei wissenschaftliche Experten erläutern, was sie von dem Regelwerk halten.

29. Februar
Kalendergeschichten Wie ist eigentlich unser Kalender entstanden?

Den 29. Februar gibt es nur alle vier Jahre – in den Schaltjahren. Doch warum ist das so und wie sind unsere Vorfahren draufgekommen?

FNR