D'Wëssenschaft vum Eelefmeter: Mat statisteschen Etuden déi bescht Taktik ermëttelen

04.07.16

FNRDiesen Artikel drucken

Fussball-EM Eelefmeterschéissen: De Fussballspiller leeft un, waard kuerz a schéisst dann ... déiw an den Eck! Wier et besser héich ze schéissen? Net ze waarden? Oder eventuell souguer an d'Mëtt ze schéissen? A firwat verléieren am Endeffekt d'Englänner? Domadder hu sech Wëssenschaftler beschäftegt.

Laut enger Etude vum Sportswëssenschaftler Geir Jordet lande 75% vun all den Eelefmeter am Goal; 25% sinn also Feelschëss. Enner anerem, wëll e Goalkeeper mat sengem Kierper, sengen Äerm a Been scho gutt 20% vum Goal ofdecke kann.

Kann e Spiller da seng Chance vergréisseren, oder ass dat onverännerbar?

Jo de Futtballist ka sou schéissen, dass de Goalkeeper keng Chance huet. Nämlech an deem e ganz fest lénks oder rechts präzis an den Eck schéisst, oder nach besser: héich uewen an den Eck. Do huet de Goalkeeper keng Chance ze reagéieren.

Wann et sou einfach ass, wisou schéisst dann net jiddereen sou?

Well ee sou e Risiko ageet, doniewent ze schéissen. An dëse Risiko ass méi grouss wann de Futtballist midd ass (oder no der Verlängerung souguer Krämp huet), oder opgereegt ass. Dofir sollen nëmme fit an nervestaark Futtballisten des Variant wielen.

An wat soll dann e Futtballist maachen, deen sech dëse präzise Konschtschoss net zoutraut?

Déi meescht entscheeden sech fir eng Säit. Sou zwéngen se de Goalkeeper dozou, sech schonns virum Schoss fir eng Säit ze decidéieren. Déi 0,3 bis 0,4 Sekonnen, déi de Ball vum Punkt bis iwwert d’Linn brauch, ginn och fir de beschte Goalkeeper net duer, fir op d’Schossrichtung ze reagéieren. Sprengt de Goalkeeper an de falschen Eck, geet souguer en net sou präzise Schoss an de Goal. Hei kënnt et natierlech immens op d’Täuschung beim Ulaf un.

Heiensdo schéisse Futtballer awer och einfach an d'Mëtt. Firwat mécht dat Sënn?

Ma statistesch gesi sprange laut enger Etude vum Sportswëssenschaftler Geir Jordet d'Goalkeeper a 50 % vun den Eelefmeter no riets, an 49 % no lénks a just an 1 % bleiwen se stoen. Ee Futtballist, deen an d'Mëtt schéisst, spekuléiert drop, dass de Goalkeeper sech fir en Eck decidéiert huet a relativ fréi dohispréngt, sou dass en net méi reagéieren an einfach stoe bleiwe kann.

Ok. Ma da lount et sech jo bëssi Gedold als Goalkeeper ze hunn?

Jo, dat stëmmt. Wann e Goalkeeper sech fréi fir en Eck entscheed, hällt e just 15,5 % vun den Eelefmeter. Wann en e bëssi méi laang waard, bis kuerz äer de Spiller schéisst, dann hällt en zu 29,6 %. Iwwregens gëllt dat mat der Gedold och fir de Spiller: Wann hie sech schonns vierum Schoss fir en Eck decidéiert, trëfft en zu 71,5 %. Wann hien awer waard bis de Goalkeep sech entscheed huet, trëfft en zu 94,3 %.

Wéi ee Spiller soll dann als leschte schéissen?

Deen deen am beschten seng Nerve behält an sech de präzise Schoss zoutraut! Wëll d’Spannung geet während engem Eelefmeter ëmmer weider an d’Luucht. Statistesch gesi gëtt den éischten Eelefmeter zu 87 Prozent vu jiddfer Equipe verwandelt. Bis zum 4. Eelefmeter fällt d'Statistik dann op 73 % Wahrscheinlechkeet. En aneren Trick wier iwwregens, beim Eelefter schéisse schwéier Schong unzedon. Domat flitt de Ball méi séier. Dat géing d’Chance géint de Goalkeeper weider erhéije – an et ass souguer regelkonform!

Puer weider Statistiken aus dem Geir Jordet sénger Etude

Et ass besser héich ze schéisse wéi déiw: Gëtt de Ball ënnert 1,22 Meter geschoss, geet en zu 71,9 % ran, iwwer 1,22 Meter allerdéngs zu 89,7 %.

Wann e Spiller wees dass mat séngem decisiven Eelefmeter d'Equipe kann aus der Competitioun rausfléien, dann trëfft e just zu 52 %. Wann de Spiller awer wees dass säin decisiven Eelefmeter ka bedeiten, dass séng Equipe an déi nächst Ronn kënnt, trëfft en zu 94 %.

Wa Spiller méi wéi 1,2 Sekonnen nom Paff waarden äer se schéissen, treffen se zu 77 %. Wann se manner waarden, treffen se just zu 58 %. Englesch Spiller hunn duerchschnëttlech just 0,28 Sekonne gewaard...

Auteur: Jens Kube, Jean-Paul Bertemes (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo:  Maxisports/Shotshop.com

 

Auch in dieser Rubrik

Wisou soe munch Léit sou oft ehm oder eh?

22.05.18 Heefeg Ehm oder Eh mécht en Virtrag schwéier verständlech – heiansdo Eh mécht en interessant. Wisou benotze mir dës Lauter beim Schwätzen? > Ganzen Artikel lesen

Wisou kann ee sech u Vergiessenes besser erënneren, wann een net doriwwer nodenkt?

18.04.18 Stonnelaang iwwert eppes Vergiessenes nodenke – a kaum denkt een net méi drun, fält et engem erëm an. Wisou ass dat oft esou? > Ganzen Artikel lesen

Wisou nëmmen ee Kaddo meeschtens besser ass wéi zwee!

30.03.18 Vill hëlleft vill, dat denke vill Leit (an och vläit den Ouschterhues) beim schenken, a pake bei en Kaddo gären nach eng Klengegkeet dobäi. Keng gutt Iddi, ...> Ganzen Artikel lesen

Wanterblues: Hëlleft méi Liicht géint Wanter-Depressioun?

26.01.18 Wann et dobausse gro an dréif gëtt, geet bei ville Leit d’Stëmmung an de Keller. Ka méi Liicht dogéint hëllefen? > Ganzen Artikel lesen

Hëlleft eng Drëpp géint Keelt?

06.12.17 Wann et engem kal ass, hëlleft eng Drëpp, seet de Volleksmond. Stëmmt dat wierklech? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. 


Verwandte Themen