Association Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles a.s.b.l.

Du interesséiers dech fir Chimie, Biologie oder Physik? Da maach mat bei dësem Concours an notz deng Chance eng Rees op d'europäesch Naturwëssenschaftsolympiad an Estland ze gewannen. 

D’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolmypiad ass e Concours fir Schüler déi sech fir d’Naturwëssenschaften interesséiren. Dëse Concours gëtt an 3 Ronnen ausgedroën, fir sou déi Schüler mat de bëschte Kompetenzen an den Naturwëssenschaften ze bestëmmen.

Qualifikatioun: Den 12. November 2015 an all Lycée, dee matmécht. Beispiller vun de Froen stinn ënnert www.nwo.lu.

Halleffinale: De 14. Dezember 2015 am LGL. Et gi Froen an theoretesch Aufgaben zu wëssenschaftleche Versich gestallt.

Finale: Den 2. Februar 2016 am LMRL. Et geet drëm, naturwëssenschaftlech Versich duerchzeféieren.

Wien däerf matmaachen ?

All Schüler, deen um oder nom 01.01.1999 gebuer ass.

Wou kann ech mech umellen?

Bei dengem Biologies-, Chimies- oder Physiksprofesser oder direkt iwwert www.nwo.lu bis den 3. November 2015. 

Wat kann ech gewannen?

All Schüler, déi an d’Finale kommen, kréien e Präis an déi beschte 6 Schüler däerfen un der Naturwëssenschaftsolympiad vun der europäescher Unioun (EUSO), déi vum 7. bis de 14. Mee zu Tartu aan Estland ass, deelhuelen. Weider Infoen op www.euso.ie an www.euso2016.ee.

Du fënns all d’Informatiounen iwwert d’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad op eisem Internetsite www.nwo.lu an op eiser Facebooksäit: www.facebook.com/olympiad.lu.

Auteur: Association Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles a.s.b.l.
Photo © Association Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles a.s.b.l.

Infobox

Organisateur

Organisateur vun der Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad sinn d'Associatioun Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles a.s.b.l. an de Ministère de l'Education Nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse an Zesummenaarbecht mat der Association des Biologistes luxembourgeois, der Association luxembourgeoise des Physiciens, der Association des Chimistes luxembourgeois an dem Fonds Nationale de la Recherche.

Ausstellung From Dark to Light: Eintauchen in die Welt der Mineralien und Edelsteine

Noch bis 6. Juni widmet sich das Nationalmuseum für Naturgeschichte mit einer Sonderausstellung den farbenfrohen Kristal...

„Science Doheem“ Entdecke Deine Welt: Naturwissenschaftliche Aktivitäten vom SciTeach Center

Fördere die wissenschaftlichen Kompetenzen Deiner Kinder zuhause und rund ums Haus mit diesen Ideen von Bildungsexperten...

Wissenschaft in Freizeit und Schule Nationalmuseum für Naturgeschichte: Ausstellungen und Aktivitäten für alle Altersklassen

Das „natur musée“ bietet mit seiner 2017 neu eröffneten Dauerausstellung Einblicke in die Evolution der Pflanzen und Tie...