Du interesséiers dech fir Chimie, Bio oder Physik? Da maach mat bei der Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad a notz deng Chance op d‘EUSO 2015 ze reesen.

D’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolmypiad ass e Concours fir Lycéesschüler déi sech fir d’Naturwëssenschaften interesséieren. Dëse Concours gëtt an 3 Ronnen ausgedroen, fir sou déi Schüler mat de beschte Kompetenzen an den Naturwëssenschaften ze bestëmmen.

Qualifikatioun: Den 13. November 2014 an all Lycée, dee matmécht. Hei gi Froen zur Biologie, der Chimie an der Physik mat verschiddenen Äntwertméiglechkeete gestallt. Beispiller vun de Froen stinn ënnert www.nwo.lu.
Halleffinal: De 15. Dezember 2014 am LGL. Et gi Froen an theoretesch Aufgaben zu wëssenschaftleche Versich gestallt.
Final: Den 3. Februar 2015 am LMRL. Et geet drëm, an Equipe vun 3 Schüler naturwëssenschaftlech Versich duerchzeféieren.

Wien däerf matmaachen ?

All Schüler, deen um oder nom 01.01.1998 gebuer ass.

Wou kann een sech umellen?

Beim Biologies-, Chimies- oder Physiksprofesser oder direkt iwwert www.nwo.lu bis de 6. November 2014.

Wat kann ee gewannen?

All Schüler, déi an d’Finale kommen, kréien e Präis an déi beschte 6 Schüler däerfen un der Naturwëssenschaftsolympiad vun der europäescher Unioun (EUSO), déi vum 26. Abrëll bis de 3. Mee zu Klagenfurt an Éisträich ass, deelhuelen. Weider Infoen op www.euso.ie an www.euso.at.

Du fënns all d’Informatiounen iwwert d’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad op www.nwo.lu an op der Facebook-Säit vun der Naturwëssenschaftsolympiad: www.facebook.com/olympiad.lu

Auteur: Association Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles a.s.b.l.
Photo © Association Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles a.s.b.l.

Infobox

Organisateur

Organisateur vun der Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad sinn d'Associatioun Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles a.s.b.l. an de Ministère de l'Education Nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse an Zesummenaarbecht mat der Association des Biologistes luxembourgeois, der Association luxembourgeoise des Physiciens, der Association des Chimistes luxembourgeois an dem Fonds Nationale de la Recherche.