Michal Kowalski (Shutterstock)

Wa mer genéiert sinn, si mer automatesch gestresst.

Heiansdo sinn ech esou genéiert dass ech mech am léifste giff an engem Mauslach verkrauchen! An dobäi ginn ech dann esou roud am Gesiicht. Ma firwat eigentlech?

Du bass net eleng an deem Fall! Esou eng staark emotionell Reaktioun verursaacht Stress, an dat ass eng Alarmsituatioun fir däi Kierper. Wéi’s du sees: du wëlls dech an engem Mauslach verkrauchen! De Kierper bereet sech also op eng Aktioun fir, e Kampf oder eng Flucht. Am wëssenschaftleche Jargon schwätzt een dofir vun der „Fight or Flight response“! An däi roud Gesiicht ass just eng Konsequenz dovun!

Firwat brauch ech dann e roud Gesiicht fir ze kämpfen oder fortzelafen?

D’roud Gesiicht ass just en Zeeche vu verbesserter Duerchbluddung, fir deng Muskele besser mat Sauerstoff an Energie ze versuergen. Mee et ass just am Gesiicht wou net nëmmen déi grouss déif Odere betraff sinn, mee och déi kleng ënnert der Haut, déi fir däi roud Gesiicht zoustänneg sinn. Firwat dat just am Gesiicht esou ass, dat ass bis elo nach e Rätsel fir d’Fuerscher!

Mee dat muss jo awer och iergend en Zweck erfëllen?

Jo, mir sinn déi eenzeg, déi roud am Gesiicht ginn - bei Déieren ass dat net bekannt. Freet sech just firwat? Mee do sinn d’Fuerscher sech nach net eens. Si mengen awer dass et eng wichteg sozial Roll spillt. Dass mer doduerch am Fong unerkennen dass mer e Fehler gemaach hunn an eis indirekt an ouni Wieder dofir entschëllegen. Studie weisen dass sou eng éierlech Entschëllegung an de meeschte Fäll och appréciéiert gëtt an dass d’Leit positiv dorop reagéieren! An awer bleiwen zu deem Thema nach vill wëssenschaftlech Froen op!

Dat heescht ech brauch mer eigentlech kee Kapp ze maachen, wann ech roud ginn! Weider Informatiounen doriwwer fannt der wéi ëmmer an der Infobox!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Michal Kowalski (Shutterstock)

 

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

   
„Fight or Flight response“

Wann’s de a Gefor bass oder Stress ausgesat bass, da produzéiert däi Kierper Adrenalin. Doduerch schléit däin Häerz méi séier an deng Oderen dehnen sech aus fir méi Blutt kënnen ze transportéieren. Esou kréien d’Muskele méi Sauerstoff an Energie a sinn dorop virbereet fir ze kämpfen oder fortzelafen. Am wëssenschaftleche Jargon schwätzt ee vum Kierper senger „Flight or Flight response“!
Déi Odere just ënnert der Haut si kleng an dënn, fir dass ee bei enger klenger Verletzung net ze vill Blutt verléiert. Et sinn déi déck Oderen, déif an eisem Kierper, déi op den Adrenalin reagéieren an sech ausdehne fir méi Blutt ze transportéieren. Ausser am Gesiicht! Aus bis elo nach onerkläerleche Grënn reagéieren déi kleng Oderen ënnert der Haut am Gesiicht och op Adrenalin an dehnen sech aus fir méi Blutt ze transportéieren. D’Blutt schéngt duerch d’Haut a mir sinn dann ebe roud am Gesiicht, an zwar just am Gesiicht!

D’Kontradiktioun rondrëm d’roud Gesiicht

Eng Studie vu Psychologe weist, dass eist roud Gesiicht nach schlëmmer gëtt, wann een eis drop opmierksam mécht. Doraus schléissen d’Fuerscher, dass d’roud Gesiicht eng sozial Roll spillt a vun deem, dee betraff ass, negativ ugesi gëtt.
Aner Studie weisen awer, dass de Géigeniwwer an deene meeschte Fäll positiv reagéiert wann ee roud am Gesiicht gëtt.  Firwat ee selwer déi Situatioun als negativ empfënnt, an de Géigeniwwer als positiv, dat ass fir d’Fuerscher nach e Rätsel.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Dass een ënner emotionellem Stress roud am Gesiicht gëtt gehéiert zu eiser mënschlecher Natur. Et kann awer och e Symptom vun enger Krankheet oder enger Allergie sinn (zum Beispill op d’Medikament Tamoxifen bei der Behandelung vu Broschtkriibs).

Eng vun dëse Krankheeten ass Rosacea, eng heefeg Hautkrankheet déi 16 Milliounen Amerikaner betrëfft a bis elo fir d’Fuerscher an d’Dokteren en absolut Rätsel ass. Fir dem Geheimnis op d’Spuer ze kommen investéiert d‘“National Rosacea Society“ an d’Fuerschung.  Et ginn an der Tëschenzäit och e puer Spueren, mee se sinn nach ganz ëmstridden. Verschidde Fuerscher mengen dass eng  Bakterie, déi an enger kleng Milb lieft, fir d’Krankheet zoustänneg ass. Déi kleng Milbe liewe bei jidderengem op der Haut am Gesiicht, mee sinn anscheinend méi heefeg bei Leit déi u Rosacea erkrankt sinn. Aner Fuerscher mengen dass de Problem un eisem Imunsystem läit, an näischt mat der Bakterie oder der Milb ze dinn huet.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

E roud Gesiicht (aussergewéinlech dacks, intensiv oder laang) kann awer och e Symptom vu psychologesche Krankheete sinn, den „anxiety disorders“.

Esou Fäll hëlt de „Laboratory of Emotional Disorders“ vum CRP-Santé ënnert d’Lupp. Ënnert der Leedung vum Charles Pull gi Leit hire gréissten Ängschten (Phobien) ausgesat, wéi zum Beispill an der Ëffentlechkeet schwätzen. D’Leit gi mat Hëllef vu virtueller Realitéit verschiddene Situatiounen ausgesat fir besser ze verstoe wat bei groussem emotionellem Stress bei eis am Kierper geschitt. An zweeter Linn kann d’virtuell Realitéit och als Behandlungsmethod ugewannt ginn, fir d’Leit un hier Angscht ze gewinnen sou dass se kenne léieren domat ëmzegoen.

Quellen an zousätzlech Linken

Auch interessant

Studienteilnehmer/innen gesucht Was sagt Ihnen Ihr Bauchgefühl beim Essen?

Welche Faktoren beeinflussen die Regulierung unseres Essverhaltens und wie unterscheiden sich diese bei Menschen mit und...

Keelt a Gefiller Wisou ginn d’Nippelen haart, wann et engem kal ass?

Aktfotografe kennen den Trick: se benotze Killspray fir dass hier Modele méi attraktiv ausgesinn. Mee wees d'Wëssenscha...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR